Escaliers de la Paix

Vu Wikipedia
Escaliers de la Paix
Plaz Verviers
Adress Rue du Palais
Place Abert Premier
Koordinaten 50° 35’ 23,13’’ N
      05° 51’ 36,55’’ O
Architekt(en) Cornet a Grandjean
Datum vum Bau 1878
Proprietär Stad Verviers

D'Escaliers de la Paix sinn eng monumental Trapekonstruktioun zu Verviers. Si verbannen am géie Relief vun der Stad d'Rue du Palais mat der Albert-Premier-Plaz.

D'Trap gouf 1878[1] ënner dem Buergermeeschter Jean-François Ortmans gebaut an den Architekt war e gewësse Cornet-Grandjean.[2] Uewen op der Trap steet eng bronze Fraefigur déi de Fridde soll duerstellen an 1866 op enger Ausstellung zu Paräis kaaft gi war. Laang gouf déi Plaz op der Kopp wou d'Statu steet Le Repos du Roi genannt, well de Kinnek Léopold wéi en op Verviers koum fir d'Gileppetalspär anzeweien, do hale blouf fir sech Verviers vun uewen unzekucken.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Le patrimoine monumental de la Belgique, Volume 11, Säit 179
  2. Jee no Quell waren et der zwéin, de Cornet an de Grandjean.