Esch-Sauer
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Esch-sur-Sûre de: Esch-Sauer |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Wolz | ||||||
| Buergermeeschter: | Gilles Kintzelé | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 278 (31.12.2007) |
||||||
| Fläch Uertschaft: | 676,2269 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 54' 41" N 5° 56' 5" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Esch-Sauer, oder Esch am Lach, ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Esch-Sauer am Kanton Wolz, mat eppes iwwer 200 Awunner.
Si huet sech am Laf vun de Joerhonnerten ronderem e Fiels am Dall vun der Sauer entwéckelt, op deem nach haut d'Ruine vun der Buerg stinn. Vun uewe gesinn huet Esch-Sauer eng Schléngeform. D'Duerf läit tëscht den Uertschafte Kauneref, Lëlz an Eschduerf.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Fir d'éischte Kéier gëtt Esch-Sauer am Liber Aureus Epternacensis ernimmt. Do steet geschriwwen, datt e gewëssen Nebulungus seng Gidder a seng Sklaven der Iechternacher Abtei vermaach huet. Dat war am drëtte Joer vun der Herrschaft vum Karel dem Groussen, also tëscht dem 9. Oktober 773 an dem 9. Oktober 774.
Grënnung vun der Buerg Esch-Sauer [änneren]
Am Mount Juni vum Joer 927, huet e gewësse Maingaud, seng Fra Hiltrud an hire Jong Godfrid vun der Abtei Stavelot Land, Wisen an 146 Anwunner an der Uertschaft Esch krut. Op dem Bierg deen derzou gehéiert huet ass d'Buerg Esch Sauer opgeriicht ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buerg Esch-Sauer ![]()
Kuckeswäertes [änneren]
- D'Buerg Esch-Sauer
- d'Uergel an der Kierch Esch-Sauer an de Kierfecht mam Wee dohinner; sinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.
- Schwaarz Muttergottes-Figur
- Stauséi tëscht Lëlz an Esch-Sauer
- D'Peschtkräizer
- Staudamm Esch-Sauer
- De Musée vun der Duchfabrikatioun an der Maison du parc naturel de la Haute-Sûre
Biller [änneren]
Déi modern Uertschaft [änneren]
Historesch Biller [änneren]
-
Zeechnung vum Nicolas Liez, 1834
-
Foto vum Charles Bernhoeft, 1891
-
Foto vum Charles Bernhoeft, 1891
Kuckt och [änneren]
- Naturpark Uewersauer
- Stauséi Uewersauer
- Stauséi-Uewersauer-Circuit
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Esch-Sauer
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vun Esch-Sauer
- D'Schlassfrënn Esch/Sauer
- La vie ecclésiastique à Esch-sur-Sûre
- E Site vun Esch/Sauer, op franseisch
- Entdeckungsweg: Geheimnisvolles Esch-Sauer
- Scoutsgrupp "St Pirmin vum Séi"
Bauschelt | Esch-Sauer | Eschweiler | Géisdref | Kiischpelt | Stauséigemeng | Wanseler | Wolz