Autobunn A4 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Escher Autobunn)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
A4 - Escher Autobunn
Luxembourg A4.png
Zeechen Verdeeler
Zeichen 215.svg Lëtzebuerg (Stad)-Hollerech
AB-Kreuz-blau.svg A6 Zéissenger Kräiz
AB-AS-blau.svg 1 Leideleng-Nord
AB-AS-blau.svg 2 Leideleng-Süd
AB-AS-blau.svg 3 Steebrécken
AB-Rast.svgAB-Tank.svgZeichen 314.svg Aire de Pontpierre
AB-AS-blau.svg 4 Féiz
AB-Kreuz-blau.svg A13 Uschloss Esch
AB-AS-blau.svg 5 Esch-Uelzecht-Lalleng
AB-Kreuz-blau.svg A13 Uschloss Lankëlz
Zeichen 215.svg Esch Belval-Rämerech

D'Autobunn A4, och nach Escher Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Se geet vun Hollerech an der Stad Lëtzebuerg no Süde bis op Esch-Uelzecht, wou se um Rond-Point zu Raemerech ophält.

Et ass geplangt, se ënner Esch-Belval erduerch ze zéien an, als sougenannt Liaison Micheville, déisäit der franséischer Grenz un d'N52 unzeschléissen, fir esou den Duerchgangsverkéier vun de Frontalierë méiglechst aus den Uertschaften Esch-Uelzecht, Villerupt an Däitsch-Oth erauszehalen.[1]

Et gi 5 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 1 Autobunnnskräiz, 2 Jonctiounen an a béid Richtunge jee eng Plaz fir ze raschten mat Tankstell. Den Tracée vun der A4 leeft méi oder manner parallel zu der N4. Et sin och Deeler vun der N4 duerch d'Autobunn ersaat ginn, dofir ass d'N4 net méi duerchgängeg vu Lëtzebuerg bis Esch-Uelzecht.

Um Zéissenger Kräiz kräizt d'A4 sech mat der A6 a geet da laanscht Leideleng, Steebrécken a Féiz. Direkt duerno gëtt et en Uschloss un d'A13 (Collectrice du Sud): virun der Sortie op Esch-Lalleng a Richtung Diddeleng, derhannert, bei der Jonctioun Lankëlz, a Richtung Péiteng.

D'Autobunn A4 gouf tëscht 1969 an 1976 a Betrib geholl: Fir d'éischt den Tronçon Féiz-Esch, 1972 dann d'Ëmfuerung vu Leideleng, 1974 d'Deelstéck Leideleng-Märel an zum Schluss d'Streck tëschent Leideleng a Steebrécken. An den 1980er Jore gouf se ëm dat Stéck tëscht Esch-Lalleng an Esch-Raemerech verlängert.

D'A4 huet eng Längt vu 16,3 km.

Um Spaweck [änneren]

Commons: A4 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. "Relation entre Esch/Alzette et Micheville: Le projet autoroutier." Site vun der Administration des Ponts et Chaussées, 7.10.2009.
RWB-RWBA Autobahn.svg
Autobunnen zu Lëtzebuerg
RWB-RWBA Autobahn.svg

A 1 | A 3 | A 4 | A 6 | A 7 | A 13