Escher Bibliothéik

Vu Wikipedia
Escher Bibliothéik
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht
Adress 26, Emil Mayrisch Strooss 4240
Koordinaten 49° 29’ 59.3808’’ N 05° 59’ 2.3994’’ O
Architekt(en) Jean-Deitz Kintzlé
Datum vum Bau 1930
Proprietär Stad Esch-Uelzecht
Zweck Ëffentlech Bibliothéik
Monogramm mat den Initiale DK vun dem Familljennumm Deitz-Kintzelé op der Entréespaart vun der Escher Bibliothéik.
Am Keller vum Gebai e Bléck op d'Bicherregaler (lénks) an d'Regaler mat CDen an DVDen (riets)

D'Escher Bibliothéik (fr: Bibliothèque municipale d'Esch-sur-Alzette), och nach ënnert der Ofkierzung BESA bekannt, ass eng ëffentlech Bibliothéik déi der Stad Esch-Uelzecht gehéiert. Et ass déi eelst kommunal Bibliothéik am Land.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1901 huet de Jean-Pierre Theisen ugefaangen, senge Schüler aus dem Escher Lycée an och aneren interesséierte Persoune Bicher auszeléinen, déi en an Eegeninitiativ gesammelt huet. 1919 ass seng Sammlung offiziell zur Escher Stadbibliothéik erkläert ginn an hie gouf deen éischte Bibliothecaire vun der Stad Esch. D'Bibliothéik war am Ufank an der Brillschoul ënnerbruecht, 1919 koum s'an d'Schoul am Schoulbierg, duerno an d'Kierchestross, 1925 an d'Direkteschvilla vun der Industrieschoul an 1929 an e Gebai am Lavals Park.[1]

Nom Zweete Weltkrich koum se an dat Gebai, wou se haut nach dran ass, nämlech eng grouss Villa an der rue Émile Mayrisch, déi 1922 vum deemolege Proprietär, dem Architekt Jean Deitz gebaut gouf. Am Zweete Weltkrich war eng däitsch Verwaltung dran. Nom Krich koum d'Gebai an de Besëtz vun der Stad Esch a gouf no an no als Bibliothéik amenagéiert.

Zanter 2001 ass de Katalog vun de Bicher online zougänglech. Zanter 2013 gehéiert d'Bibliothéik zum Reseau vun de lëtzebuergesche Bibliothéiken, deenen hire Bestand iwwer www.bibnet.lu resp. www.a-z.lu duerchsicht ka ginn.

Villa Deitz[änneren | Quelltext änneren]

D'Villa Deitz – wéi s'am Volleksmond genannt gouf – gouf 1930 vum Architekt Jean Deitz-Kintzelé selwer entworf a baue gelooss. Am Haus huet hie mat senger Fra Léonie, hiren zwee Meedercher an der Mod Anna Hammes gewunnt. Gläichzäiteg hat hien an der Villa och säin Architektebüro.[2][3] Op der Entréespaart ass ee Monogramm mat den Initialen DK vum Familljennumm ze gesinn.[4]

100-Joer-Feier[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Oktober 2019 goufen déi éischt 100 Joer Escher Bibliothéik mat enger akadeemescher Seance am Escher Theater gefeiert. Bei där Geleeënheet gouf och d'Ausstellung iwwer d'Geschicht vun der Bibliothéik an der Galerie vum Theater ageweit. D'Ausstellung war vum 26. Oktober bis de 17. November 2019 op.

Amenagement[änneren | Quelltext änneren]

D'Bibliothéik ass um Rez-de-chaussée an op engem Niveau drënner an driwwer amenagéiert. Um Rez-de-chaussée sinn den Accueil an en Dësch mat engem Computer, op deem een de Katalog duerchsiche kann. D'Bicherregaler sinn um Rez-de-chaussée an um Stack drënner.

Oppe Rayonen[änneren | Quelltext änneren]

D'Stellagë si fir d'Lieser komplett zougänglech mat Ausnam vun engem Archiv fir eeler lëtzebuergesch Bicher, déi een op Ufro am Liessall duerchkucke kann.

D'Auswiel[änneren | Quelltext änneren]

Déi Escher Bibliothéik huet iwwer 65.000 Bicher, déi Eegentum vun der Bibliothéik sinn. Déi meescht Bicher sinn an däitscher Sprooch, mä et gëtt och eng gutt Auswiel a lëtzebuergescher, franséischer, englescher, italieenescher a portugisescher Sprooch souwuel fir Erwuessener wéi och fir Kanner a Jugendlecher.

Et gëtt e grousse Wäert op lëtzebuergesch Bicher geluecht.

De Liessall[änneren | Quelltext änneren]

Um éischte Stack ass e Liessall, wou eng Rei allgemeng a méi spezialiséiert Dictionnairen, Enzyklopedien a Revuen disponibel sinn. Fotokopië vun eenzele Säiten aus de Bicher sinn do op Ufro och méiglech.

Do ginn och geleeëntlech Liesunge vun Auteuren organiséiert.

Internet-Recherche[änneren | Quelltext änneren]

Um ënneschte Stack si véier PC-Aarbechtsplaze wou een Zougang zum Internet huet an och Dokumenter ausdrécke kann.

D'Medien[änneren | Quelltext änneren]

Um ënneschte Stack sinn ausser Bicher och vill Musek-CDen, Filmer op DVD, Lauschterbicher a Léierprogrammer fir Kanner.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Escher Bibliothéik – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean Reitz: "La politique culturelle eschoise." In: forum 359, Februar 2016, S.32-34, hei S.33.
  2. [https://persist.lu/ark:70795/rdwvpb/pages/4/articles/DTL281?search=jean%20deitz L'indépendance luxembourgeoise Méindes, 1 Mee 1933, Jg. 63, nº 121]. Gekuckt de(n) 19 Abrëll 2021.
  3. [https://persist.lu/ark:70795/bd0rm2/pages/4/articles/DTL265?search=jean%20deitz L'indépendance luxembourgeoise Mëttwoch, 3 Mee 1933, Jg. 63, nº 123]. Gekuckt de(n) 19 Abrëll 2021.
  4. Georges Buchler, Jean Goedert, Antoinette Lorang, Antoinette Reuter, Denis Scuto (2020, p. 207) Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette. Esch-Uelzecht: capybarabooks