Real Sitio de San Lorenzo de El Escorial

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Escorial)
Den Escorial vu wäitem

San Lorenzo el Real de El Escorial ass dat gréisst Renaissance-Gebai iwwerhaapt no bei der spuenescher Uertschaft El Escorial, 60 Kilometer nordwestlech vu Madrid.

An der Bibliothéik vum Klouschter gëtt ënner anerem deen zu Iechternach gemoolt a geschriwwene Codex Aureus Escorialensis versuergt.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

No der Victoire iwwer d'Fransouse war de spuenesche Kinnek Felipe II. op der Sich no enger Plaz fir e Gebai bauen ze loossen, dat un d'Schluecht vu St. Quentin, déi um Dag vum hellege Luerenz geschloe gouf, sollt erënneren an dat als Pantheon fir seng Virgänger sollt déngen. Eng Hickecht vun Architekten, Theologen, Astrologen a Philosphen huet sech schliisslech op d'Sierra del Guadarrama op enger Héicht vun 1055 Meter gëeenegt. Nodeem d'Pläng vum Architekt Juan Bautista de Toledo ugeholl goufen, ass 1563 mam Bau, deen 21 Joer dauere sollt, ugefaange ginn. De Juan de Herrera war, mam Juan Bautista de Toledo, den Haaptarchitekt vum Escorial.

D'Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

De kinneklechen Universitéitszentrum Escorial-María Cristina[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vum 19. Joerhonnert gouf de Real Centro Universitario Escorial-María Cristina vun der deemoleger Kinnigin Maria Cristina von Habsburg gegrënnt.

De kinnekleche Kolosseum vum Carlos III.[änneren | Quelltext änneren]

De Real Coliseo de Carlos III gouf vum franséischen Architekt Jaime Marquet opriichte gelooss a 1771 ageweit. Nodeem dat Gebai eng Zäit als Kinossall gebraucht gouf, ass et hautdesdaags eng Zort Centre culturel fir Theateropféierungen a Concerten.

D'kinneklecht Klouschter vu San Lorenzo de El Escorial[änneren | Quelltext änneren]

D'Real Monasterio de San Lorenzo de El Escorial, dat ganz aus Granit gebaut gouf, ass zanter 1984 op der UNESCO-Lëscht vum Weltierwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: El Escorial – Biller, Videoen oder Audiodateien