Espace Économique Européen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Accord iwwert den Espace Économique Européen (EEE, och Europäesche Wirtschaftsraum - EWR) ass en Ofkommes tëscht der Europäescher Unioun an der Europäescher Fräihandelszone (EFTA oder AELE op Franséisch) an ass zënter dem 1. Januar 1994 a Kraaft.

Memberen [änneren]

Nieft den EU-Länner hunn dräi vun de véier EFTA-Länner den Accord ënnerschriwwen: Norwegen, Island a Liechtenstein.

D'Schwäizer hu sech an engem Referendum nodréiglech géint den EEE decidéiert, soudatt den Traité net ratifizéiert konnt ginn. D'Schwäiz huet dogéint bilateral Kontrakter mat der EU ofgeschloss.

D'Ofkommes [änneren]

Zentral beim Ofkommes ass, datt di véier Fräiheete vum europäesche Bannemaart, d'fräi Zirkulatioun vun de Wueren, Servicer, dem Kapital an de Persounen am gesamten europäesche Wirtschaftsraum, dat heescht och an Norwegen, Island a Liechtenstein gëllen. Den Accord schléisst och d'Beräicher Konkurrenz- a Sozialpolitik, Konsumenteschutz, Ëmwelt- a Kulturpolitik, Educatioun, Recherche an Entwécklung mat an.

Vum Ofkommes ausgeholl sinn d'Agriculture an d'Fëscherei souwéi déi gemeinsam wirtschaftlech Aussepolitik. Den EEE ass dynamesch, dat heescht, nei Reglementer fir den EU-Bannemaart gëllen automatesch och fir déi dräi EFTA-Länner. D'Tatsaach datt d'Net-EU-Länner keen Afloss op nei EU-Direktiven hunn, féiert an deene betraffene Länner ëmmer erëm zu Kontroversen a Kritik. Norwegen, Island a Liechtenstein hunn eng ronn 80% vun der Législatioun vun dem EU-Bannemaart an national Gesetzer ëmgesat.

Den Espace Économique Européen ass a senger haiteger Form en eenzegaartege Accord, weder ass et e richtege Marché ouni Grenzen, nach eng Zollunioun.

Um Spaweck [änneren]