Esthetik

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Wuert Esthetik huet griichesch Originnen a gouf an der griichescher Sprooch als Adjektiv gebraucht.

D'Wuert gouf fir d'éischt vum Baumgarten als Substantiv gebraucht. Hien huet d'Esthetik definéiert als d'Wëssenschaft déi de Charakter vum Schéinen, bei de Produktioune vun der Natur a vun der Konscht bestëmmt.

Verschidde Points-de-vuë vun der Esthetik

  • De Sensualismus: Schéin ass wat gefält.
  • De Realismus: Schéin ass wat do ass.
  • De Vitalismus: Schéin ass wat lieft an net ophält mat liewen.
  • Den Idealismus: Schéin ass wat erhieft.
  • D'klassesch Theorie: Schéin ass wat richteg proportionéiert ass.

Den H. Van Lier seet an Les Arts de l'espace datt vun all dëse verschiddenen Doktrinen a Recherchen, jiddwereng nëmmen eng Partie Usiichte vum Phenomeen Esthetik erëmspigelt, an datt et méiglech ass eng Synthees dovun ze maachen, an eng gemeinsam Doktrin ze bestëmmen.

Esthetik kann zur Aktioun verleeden (Artist) oder zur Betruechtung (Esthetiker).

Se gehéiert domat zu engem vun de Grondelementer vun der Konscht, well se d'Relatioun Sujet → Objet an der artistescher Kreatioun, an Relatioun Objet → Sujet am Genoss vun der Betruechtung a sech huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Esthetik – Biller, Videoen oder Audiodateien