Estland

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Eesti Vabariik

Fändel vun Estland

Wope vun Estland

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Estnesch
Haaptstad: Tallinn
Staatsform: Republik
 • President: Alar Karis
 • Premierministesch: Kaja Kallas
Fläch: 45 226 km²
 • Dovu Waasser: 4,6 %
Bevëlkerung: 1 370 052 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 30,29/km²
Onofhängegkeet: 24. Februar 1918 (deklaréiert),

20. August 1991 (erëmkritt)

Nationalhymn: Mu isamaa, mu õnn ja rõõm
(Lauschteren)
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +2 (+3 vu Mäerz-Oktober)
Internet TLD: .ee
Internationalen
Telefonsprefix
:
+372

Estland, offiziell d'Republik Estland (estnesch: Eesti Vabariik) ass e Staat am nordëstlechen Europa. Direkt Nopeschlänner sinn am Oste Russland an am Süde Lettland. Estland läit um Baltesche Mier an d'Bannemier mécht dann och zum Norden a Westen hin d'Grenz. Nieft dem Festland gehéieren nach eng 1500 Inselen zu der Republik. Saaremaa an Hiiumaa, déi zwou gréisst dovun, spären den direkte Wee vum Baltesche Mier an d'Rigaer Bucht.

Haaptstad an anengems och gréisst Stad am Land ass Tallinn (fréier Reval genannt). Tallinn läit, vum Mier getrennt, knapps 85 km südlech vun der finnescher Haaptstad Helsinki ewech. Estland a Finnland si sech net nëmme geographesch no, mä hunn och sproochlech a kulturell vill Enges.

Estland war kuerz Zäit, tëscht den zwéi Weltkricher, vun 1918 bis 1940 onofhängeg, mä gouf dunn 1940, grad wéi Lettland a Litauen - déi zwéin aner baltesch Staaten - vun der Sowjetunioun annektéiert an zou der Estnesch SSR gemaach. Zanter dem August 1991 ass d'Land nees en onofhängege Staat.

Den 2. Abrëll 2004 ass Estland Member an der NATO ginn, nëmme kuerz drop den 1. Mee an d'Europäesch Unioun opgeholl ginn. 2010 gouf et Member vun der OECD.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai vum estesche Parlament

Dat haitegt Estland besteet aus der fréierer Ostséiprovenz Estland déi vu 1710 bis 1918 zum russesche Räich gehéiert huet, an aus dem nërdlechen Deel vu Livland.

D'Uewerschicht vun de Staatsbierger a Landbesëtzer war däitschsproocheg a bis 1885 war Däitsch d'Sprooch déi an de Schoule geléiert gouf, an déi administrativ Sprooch. Wéinst der Russifizierungskampagne vun der russesch-zaristescher Regierung huet dat Russescht, d'Däitsch an där Funktioun ofgeléist. Wéinst dem Sträit mat Russland gouf dat awer am 21. Joerhonnert erëm geännert an elo ass Englesch déi zweet offiziell Sprooch. D'Sprooch gëtt staark gefërdert. Nieft der Educatioun, gëtt och vill Wäert op d'Fërderung vum Englesche geluecht andeems vill Tëleessenderen op Englesch sinn.

Am August 1991 huet Estland sech no engem laange Prozess iwwer e puer Joer, vun der Sowjetunioun lassgeléist an zanter 1988 gouf d'Souveränitéit erëm hiergestallt.

Den 18. Mee 2005 ass zu Moskau e Grenzvertrag mat de Russen ënnerschriwwe ginn. Déi Verzögerung houng mat der Verweigerung vum President Putin zesummen, d'estesch Siicht vun der Annexioun 1940 an de 'Vertrag vun Dorpat' 1920 z'akzeptéieren. De 27. Juni 2005 huet Russland d'Ënnerschrëft awer erëm zeréckgezunn well se net mam Entworf vum Preambule vun der estescher Säit d'accord war. Dat well op d'Aggressioune vun der Sowjetunioun géint Estland an déi joerzéngtelaang Besetzung higewise gëtt. Domat ass d'Fro vun de russesch-estesche Grenzen nach ëmmer ongekläert.

D'Este si frou iwwer d'Weiderentwécklung vun der Technik an hirem Land, nodeem si laang zeréck bliwwe sinn. An Estland ass et quasi zu enger elektronescher Revolutioun komm: 93 % vun der Bevëlkerung haten 2004 en Handy a per Gesetz garantéiert de Staat den Zougang zum Internet. Wie keen eegene Computer huet, däerf gratis op engem vu ronn 700 ëffentlechen Terminals op Postbureauen oder Bibliothéiken op den Internet. Och an all Schoul muss den Internetzougank assuréiert sinn. Déi Reegelung ass eemoleg an Europa.

D'Duerchschnëttsléin vun den Este leie bei 812,70 €, zum Verglach: de Mindestloun zu Lëtzebuerg läit scho bei ëm déi 1600 €, dat heescht den Duerchschnëttsloun läit nach wäit driwwer.

97% vun der estescher Bevëlkerung hunn eng Tëlee Doheem a ganz interessant ass och nach, datt d'Esten an Europa am meeschten Zeitung liesen. Si hunn 523 Zeitungsabonnenten op 1000 Awunner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Estland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vollekszielung vum 31. Mäerz 2000 via UNO