Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
 |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bus-Technologie op déi engt Ethernet-Netzwierk opgebaut ass
Ethernet [ˈi:θənɛt] ass eng spezifesch Form vu lokalen Datennetzer (LAN), déi iwwer Kabel matenee verbonne sinn. Si berout op der sougenannter BUS-Technik. En Ethernet-Kabelnetz erméiglecht d'Iwwerdroen an den Austausch vu Daten tëschent allen am lokalen Netz zesummegeschlossene Komponenten ( Computer, Imprimante, Scanner asw.). A senger traditioneller Form war d'Dimensioun vun engem Ethernet-Netz am Ufank op een eenzegt Gebai beschränkt. Dat ass haut net méi wouer, well LAN-Netzer opgrond vun de neien Technologien Informatikkomponenten iwwer wäit Strecken ënnertenee verbanne kënnen. E kabelverbonnent LAN däerf net mat engem WLAN (Wireless LAN), bei deem d'Netzwierkunitéiten net duerch Kabele matenee verbonne sinn mä iwwer Funk matenee kommunizéieren, verwiesselt ginn.
Technik a Varianten vun Ethernet-Netzer [änneren]