Ethnologie

Vu Wikipedia

D'Ethnologie (griich.: ἔθνος, ethnos - "Vollek", dt: Völkerkunde), ass eng Sozialwëssenschaft. Si erfuerscht als vergläichend Wëssenschaft déi verschidde Vëlker vun der Äerd an hir Kulturen.

D'Ethnologie ënnersicht ënner anerem d'Gebidder vun der Genderforschung, Ethnizitéit, Entwécklungszesummenaarbecht, Ethnomedezin, Ethnobotanik, Relioun, Migratioun, Kolonialismus, Rassismus, Ekonomie an der Globaliséierung. Ethnologie ass eng Kultur- a Sozialwëssenschaft, déi zanter dem 19. Joerhonnert, fir d'éischt an Däitschland, dann an England an duerno an den USA, als eegestännegt Fach op den Universitéiten ënnerriicht gëtt.

Déi klassesch Ethnologie huet sech haaptsächlech op aussereuropäesch Kulturen a schrëftlos Vëlker konzentréiert, déi haaptsächlech ënner d'Grupp vun den indigene Vëlker falen oder sech sou bezeechnen. Haut studéiert d'Ethnologie all d'Vëlker. An anere Länner ass d'Ethnologie awer och ënner aneren Nimm ze fannen. Sou gëtt et eleng am engleschen zwou verschidde Bezeechnungen: cultural antropoloy (USA) a social antropology (England).

Klassesch Ethnologie[änneren | Quelltext änneren]

Am 19. Joerhonnert entwéckelt sech d'Ethnologie als Nischefach. Et huet virun allem déi Vëlker behandelt, déi vun den etabléierte Wëssenschaften, wéi der Soziologie, der Geschicht oder der Philologie nach net erfuerscht goufen, mä mat deenen déi europäesch Kolonialisten, Missionnairen a Reesend vill ze dinn haten.

Um Enn vum 19. Joerhonnert huet d'Ethnologie ugefaangen als Fach un den Universitéiten ënnerriicht ze ginn. Eng kloer Definitioun vum Begrëff ass awer relativ schwiereg, well d'Ethnologie sech ëmmer wollt vun allen anere Wëssenschaften ënnerscheeden. Am Fong gouf dat Fach laang och nëmmen doduerch bestëmmt, andeems een opgezielt huet, wat enger Kultur am Géigesaz zu de grousse bekannte Kulture gefeelt huet: net entwéckelt (primitiv), schrëftlos, net industriell, net staatlech, net ziviliséiert, geschichtlos, net europäesch a vun der westlecher Kultur onberéiert Kulturen.

Dacks si grad déi Gesellschaften ënnersicht ginn, vun deenen een ausgaangen ass, datt s'um Ausstierwe wieren. Sou huet sech eng Wëssenschaft entwéckelt, déi gréisstendeels stabil an iwwersiichtlech kleng Gruppen oder Kulture behandelt, ënner deenen eng staark gesellschaftsintern Kommunikatioun besteet an déi méi oder wéineger matenee Famill sinn.

Virun allem bei klenge Gruppe bitt et sech un, duerch praktesch Beobachtung zu sënnvollen a modellhaften Aussoen ze kommen, ouni dobäi déi statistesch a quantitativ Methoden uwenden ze mussen. Duerch déi laang Onofhängegkeet vun dëse Kulturen, déi studéiert ginn, gëtt eng holistesch Perspektiv erméiglecht, dat heescht déi ganz Gesellschaft gëtt studéiert, änlech wéi an der Soziologie.

Methoden[änneren | Quelltext änneren]

Fréier ware materiell Daten, wéi z. B. ethnographesch Objektiver an Zeechnungen, an der Ethnologie méi wichteg wéi déi mëndlech Kultur. Dat huet sech sou erginn, well déi meescht Ethnologen, net wéi haut op Unie geschafft hunn, mä an de Muséen.

Ënnerscheeder mat der Soziologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Ethnologie ënnerscheet sech vun der Soziologie well se net Studie vun de soziale Phenomeener vun den industrialiséierte Länner privilegiéiert, mä traditionell extra-europäesch Communautéiten, déi laang als primitiv Kulture bezeechent goufen. Haut huelen Ethnologe sech fir, déi al kulturell Aspekter an den ale westleche Gesellschaften erëmzefanne fir Grenzen tëscht deenen zwou Disziplinne méi fléissend ze maachen. D'Haaptobjektiv vun de Studien ass a bleift nach ëmmer de Mënsch.

Den Ënnerscheed gëtt am däitlechste wann een op déi verschidden Approchen ageet, déi d'Ethnologie an d'Soziologie ënnerscheeden. D'Soziologie benotzt quantitativ Methode wéi Sondagen, Questionnairen an individualiséiert Entretienen; d'Ethnologie awer berout z. B. op Feldfuerschung oder op gewëssenen Observatioune vun de verschiddene Kulturen.

En plus, kann een déi verschidde symbolesch Dimensiounen ernimmen, déi charakteristesch fir d'Ethnologie sinn: de Studium vun de Mythen aus ënnerschiddleche Kulturen an Traditiounen. Dem Ethnolog Jean Poirier seng Definitioun vun der Ethnologie ass: Nous rappelons que la définition de l'ethnologie a profondément évolué. Il semble qu'aujourd'hui, reconnue comme science des communautés, elle mesure mieux ses rapports avec la sociologie, discipline soeur, science des collectivités.[Source?]

Reliounsethnologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Reliounsethnologie gehéiert zur Kulturethnologie a beschäftegt sech mat de Froen:

  • Wéi analyséiert ee Relioun?
  • Wéi en Afloss huet Relioun a verschiddene Kulturen?

Et geet dobäi net ëm theologesch-philosophesch Debatten, mä ëm déi individuell a gesellschaftlech Relevanz vun der Relioun. Déi gelieft Relioun steet am Mëttelpunkt an net d'Doktrin.

Grënner vun der Reliounsethnologie sinn den Edward Tylor, den James Frazer an den Emile Durkheim. Eng vun den éischte Persounen, déi dee Begrëff benotzt huet, war de Ferdinand Lipowski.

Ethnologie zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi lëtzebuergesch Gesellschaft gëtt ënner anerem vum Institut Grand-ducal ënnersicht. Dozou gehéiert natierlech och d'Ethnologie. Am Kader vun der Ethnologie gëtt d'Lëtzebuerger Sprooch ënnersicht an hir Evolutioun am Laf vun de Joerhonnerten, d'onomatesch Evolutioun (d'Origine vun de lëztebuergeschen Nimm a Plazen) an d'lëtzebuergesch Archiven, also déi lëtzebuergesch Geschicht. Zu Lëtzebuerg huet d'Ethnologie och eng Plaz op der Universitéit Lëtzebuerg.