Ethynylatioun

Vu Wikipedia

Bei der Ethynylatioun kënnt bei eng organesch Verbindung eng CC-Grupp mat enger Dräifachbindung tëscht den zwéi Kuelestoffatomer derbäi.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

D'Reaktioun ass relativ einfach ze maachen, well e Waasserstoff-Atom, dee bei sou enger CC-Dräifachbindung drunhänkt, ee relativ héije Sairecharakter huet. Dat bedeit datt e liicht mat ënnerschiddleche Base ka reagéieren, fir dann en organescht Salz ze bilde wat een ouni gréisser Problemer un eng Moleküll kann drunhänken.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Generatioun aus Natriumacetylid a flëssegem Ammoniak[änneren | Quelltext änneren]

1-Ethynylcyclohexanol

Generatioun aus Natriumacetylid an Tetrahydrofuran(THF)[änneren | Quelltext änneren]

Et handelt sech just ëm ee Wiessel vum Léisungsmëttel dat nei Méiglechkeeten ergëtt an doduerch méi einfach ze maachen ass. Déi Method huet déi vireg ofgeléist. An enger éischter Period ass Toluol (Methylbenzol, Toluen) benotzt ginn, ier THF geholl gouf.

Doraus gëtt dann z. B.: 1-Heptyn mat 57 % Rendement aus 1-Bromopentan. 1-Nonyn mat 72% Rendement aus 1-Bromoheptan. 1,9-Decadiyn mat 71 % Rendement aus 1,6-Dibromohexan.

De Rendement gouf net mam Léisungsmëttel verbessert, mä well de Procedé méi einfach a manner opwänneg ginn ass, konnt déi Method sech duerchsetzen.

Aktuell gëtt och Dimethylsulfoxyd (DMSO) als Léisungsmëttel geholl.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. K. N. Campbell a B. K. Campbell, Org. Syn. Collective Vol. 4,117 (1963); A. I. Vogel, "Practical Organic Chemistry," 3rd ed., p. 901. Longmans, London, 1956.
  2. J. H. Saunders, Org. Syn. Collective Vol. 3, 416 (1955).
  3. J.-F. Normant, Bull. Soc. Chim. Fr., p. 859 (1965).
  4. J. Krig, M. J. Benes, a J. Peska, Tetrahedron Lett., p. 2881 (1965).
  5. R. S. Monson an "Advanced Organic Synthesis", Rhadon (1971).