Etienne Schneider

Vu Wikipedia
Etienne Schneider
Den Etienne Schneider (2017).
Gebuer 29. Januar 1971
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun ICHEC Brussels Management School,
Universitéit vu Greenwich
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP


Den Etienne Schneider, gebuer den 29. Januar 1971 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker (LSAP). Hie war vun 2012 bis 2013 Wirtschafts- an Aussenhandelsminister an der Regierung Juncker-Asselborn II, vun 2013 bis 2018 Vizepremierminister, Wirtschaftsminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegungsminister an der Regierung Bettel-Schneider, a vun 2018 bis 2020 Vize-Premierminister, Minister fir Wirtschaft a Minister fir Gesondheet an der Regierung Bettel-Schneider-Braz. 2020 gouf hie Member vum Conseil d'Administration vu BeSix a vun ArcelorMittal.[1]

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Etienne Schneider huet no senger 13e technique op der ICHEC Brussels Management School vum Institut catholique des hautes études commerciales zu Bréissel Ekonomie studéiert (licencié en sciences commerciales et financières) an op der Greenwich University zu London e Master gemaach[2].

No sengem Studium war hie wëssenschaftlechen Assistent am Europaparlament (1994-1995), huet dunn am Sekretariat vun der LSAP Chamberfraktioun geschafft (1995-1996) ier hien als Chargé de mission fir den Ausseministère bei d'NATO op Bréissel gewiesselt huet (1997). Mat 26 Joer ass den Etienne Schneider Enn 1997 ënner dem Fraktiounspresident Jeannot Krecké Fraktiounssekretär vun der LSAP ginn.

No siwe Joer op där Plaz huet den Etienne Schneider no de Wale vun 2004, wéi de Jeannot Krecké Wirtschaftsminister gouf, an de Wirtschaftsministère gewiesselt, wou hie Conseiller de Gouvernement 1re classe gouf an d'Energie- an e-Commerce-Generaldirektioun iwwerholl huet. An där Funktioun war hie Member vum Verwaltungsrot vun der Cegedel ginn. Am Joer 2006 huet hien d'Presidence vum Verwaltungsrot vun Cegedel-Net iwwerholl. Schonn 2005 war hie President vum Verwaltungsrot vun der SEO ginn. No der Fusioun aus där d'Enovos ervirgaangen ass, ass hien 2009 President vum Verwaltungsrot vun Enovos International S.A. ginn. Hie war dat bis datt e Minister gouf.

Am Joer 2009 ass hie Premier Conseiller de Gouvernement genannt ginn. Dat selwecht Joer ass seng Responsabilitéit am Wirtschaftsministère op d'Ekonomesch Entwécklung an d'Infrastrukturen erweidert ginn. Am Hierscht 2011 ass hien am Kader vun enger Reorganisatioun vum Ministère un d'Spëtzt vun der Generaldirektioun Industrie, Entreprisen an Infrastrukture komm, dem prestigiéisten Deel vum Ministère.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1995 bis Abrëll 2010 war den Etienne Schneider fir d'LSAP Member vum Gemengerot an duerno Schäffe vu Käl[3]. No senger Demissioun aus beruffleche Grënn ass hie vun Téiteng an d'Stad geplënnert.

Den Etienne Schneider gouf den 28. November 2011 vum LSAP-Generalrot zum Nofollger vum Jeannot Krecké als Wirtschaftsminister designéiert. De Krecké war den 1. Februar 2012 zeréckgetrueden[4]. E gouf den 31. Januar 2012 vereedegt an huet seng Funktioun deen Dag drop iwwerholl[5].

Bei de virgezunne Chamberwalen 2013 war den Etienne Schneider Spëtzekandidat vun der LSAP[6] a gouf an d'Chamber gewielt. Hien huet dunn op säi Mandat verzicht, fir Vizepremierminister, Aussenhandels- a Wirtschaftsminister, Minister fir Mëttelstand an Tourismus a Minister vun der Force publique an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt[7], ma huet op en Neits op säi Chambermandat verzicht, fir an der Regierung Bettel-Schneider-Braz, déi aus enger Koalitioun vun deene selwechte Parteie wéi déi virdru besteet, nees Vizepremierminister a Wirtschaftsminister, sou wéi och, als Neierung, Minister fir Gesondheet.

Den 23. Dezember 2019 huet hie bekannt gemaach, op de 4. Februar 2020 wëllen aus der Regierung zeréckzetrieden.[8]

Zanterhier sëtzt hien am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal a vun der Baufirma BeSix.

Den Etienne Schneider gouf duerch den Arrêté grand-ducal vum 29. Juli 2020 Member vum consultative Conseil iwwer Weltraum-Ressourcen[9]. De Wirtschaftsministère huet betount, hie géif dee Poste benevole iwwerhuelen[10].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Etienne Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pierre Sorlut: "Cheques and balances." d'Lëtzebuerger Land Nr.29, 17. Juli 2020, S.10.
  2. Enovos International S.A.: Corporate Governance, Situation on 1.1.2010
  3. Bulletin communal de la Commune de Kayl, Août 2010, p. 2320
  4. "LSAP: E. Schneider Wirtschaftsminister, D. Kersch Staatsrot." RTL.lu - 28.11.2011, 18:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.11.2011, 21:29.
  5. "Den Etienne Schneider gouf als Wirtschaftsminister vereedegt." RTL.lu - 01.02.2012, 06:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 09:10.
  6. Wort.lu: Der Hoffnungsträger der LSAP
  7. elections.lu
  8. "Étienne Schneider sera remplacé le 4 février par Franz Fayot." lequotidien.lu, 2019-12-23.
  9. Arrêté grand-ducal du 29 juillet 2020 portant nomination des membres du Conseil consultatif sur les ressources spatiales - Advisory Board on space resources.
  10. Etienne Schneider gëtt Member vum consultative Conseil iwwer Weltraum-Ressourcen, gelies op RTL.lu den 10. August 2020