Eugène Auguste Collart

Vu Wikipedia
Eugène Auguste Collart
op der Benelux-Konferenz 1949
Gebuer 26. Juli 1890
Beetebuerg
Gestuerwen 20. Mee 1978
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Eugène Auguste Collart, gebuer de 26. Juli 1890 zu Beetebuerg a gestuerwen den 20. Mee 1978 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Bauer, Industriellen, Politiker, Diplomat a Publizist.

Hien ass en Nokomme vum Medezinner a Schmelzhär Charles Joseph Collart.

Den August Collart war 1918 an dann nees vun 1921 bis 1933 Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg.

Dertëscht, vum 28. September 1918 bis de 5. Januar 1920 war hien als Onofhängege mat Ënnerstëtzung vun der Vollekspartei Generaldirekter ("Minister") fir Landwirtschaft, Industrie, Handel an Aarbecht an der Regierung Reuter. An där Funktioun huet hien ënner anerem d'Aarbechtszäitbegrenzung (den 8-Stonnendag) ouni Lounverloscht agefouert an d'Constitutioun vun 1919 mat ënnerschriwwen.

Vun 1921 bis 1933 war hien Deputéierten an der Chamber.

1928 gouf e Chambellan um Groussherzoglechen Haff.

1929 huet hien d'Celula-Molkerei zu Beetebuerg matgegrënnt.

Vun 1933-1940, an dann nees vun 1945 bis 1955 war hie Chargé de Mission vu Lëtzebuerg an Holland.

Virum Zweete Weltkrich war hien Administrateur-Délégué vun der Assurancëgesellschaft Le Foyer, déi hien no Differenze mat de Leit vum Gauleiter, a well hie sech geweigert huet der VdB bäizetrieden, verlooss huet. "Ech hun dénen discussio'nen emer en enn gemâcht mat dém klenge sproch: Le'wer e go'erechen hèr, ass we' e fette sklav"[1]

Den Auguste Collart ass wéinst senger Gesënnung 1941 op Hinzert komm. 1942 huet hie mat senger Fra a senger jéngsten Duechter zu deene éischte lëtzebuergesche Famille gehéiert déi ëmgesidelt goufen. Si koumen ënner anerem op Leubus vu wou si eréischt bei Krichsenn zeréck op Lëtzebuerg koumen.

D'Episod vum Fändel zu Leubus

Géint den hallwen Oktober 1942 huet de Lagerführer Henninges sech beim Mueresappell wéi e wëllt Déier opgefouert, well ee Lëtzebuerger anscheinend op den däitsche Fändel gespaut hätt. D'Lager gouf gespaart, an den Henninges huet gedreet, wann de Schëllege sech net géif mellen, da géifen der e puer erschoss ginn. Well awer keen eppes dovu wousst huet och kee sech gemellt, a sou souzen d'Famillen owes op den Zëmmeren an hu gewaart wat geschéie sollt. Keen huet vill geschwat. Den Auguste Collart huet déifbedréckt d'Wuert geholl a follgendes gesot: Lauschtert elo mol gutt. Mir hunn all de Kapp gewisen doheem, an den Nazien d'Stir duergehalen. Sollt de verréckten Henninges seng Dreeung mar wouer maachen, da musst der all de Courage hu fir dat Schicksal z'erdroen, wat op eis duerkënnt. Loosst de Kapp net hänken, an deejéinegen deen et trefft, muss genee wéi Helden an de KZter ouni ze zécken, onschëlleg den Doud op sech huelen, fir d'Heemecht an eis Grande-Duchesse Charlotte.[2]

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Auguste Collart war mat der Marguerite Lucie "Daisy" Weber bestuet, déi den 1. Juli 1969 gestuerwen ass. Si war "Dame d'Honneur" vun der Grande-Duchesse Charlotte.

Hir Duechter Anne Marie "Annemie" Collart gouf den 31. August 1917 um Beetebuerger Schlass gebuer an ass den 19. Abrëll 2007 gestuerwen. Si war mam hollänneschen Diplomat Joannes Petrus Maria Aghina bestuet, deen den 2. November 1992 zu Wassenaar gestuerwen ass. Där hire Fils, dem Auguste Collart säi Kandskand, ass de Joseph Jean Auguste Aghina, Dokter an der Ekonomie, deen zu Monaco lieft. Hien ass ënner anerem Member vum Verwaltungsrot vun der Holding Audiolux, enger Filial vun der Holding Luxempart. De Joseph Jean Aghina fiert reegelméisseg Rallyeë mat historeschen Autoen op sengem Fiat 124 Abarth Spider.

D'Collarts-Schlass, dat ëm 1730 vun der Famill von Zievel aus der Äifel gebaut gouf, ass 1971 un d'Beetebuerger Gemeng verkaaft ginn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Von meiner Brasilienfahrt. Reiseerlebnisse, 1928.
  • Aus den Papieren des Bürgermeisters (1813-1824) und Kantonskommissars (1814-1816) August Collart von Bettemburg, 1935.
  • Am Wege zur Unabhängigkeit Luxemburgs, 1938.
  • Der Krieg 1870-71 und Luxemburg, 1939.
  • Aus der shroer zeit vun 1940-1945, 1946.
  • Sturm um Luxemburgs Thron 1907-1920, 1959, Neioplo 1991.
  • Aus der Uucht, 1963.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng Strooss zu Beetebuerg (rue Auguste-Collart)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eugène Auguste Collart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aus der shroer zeit vun 1940-1945, Paul Faber, Gre'vemacher, 1946
  2. Marie-Madeleine Schiltges. Die Umsiedlung in Luxemburg 1942-1945. Imprimerie Saint-Paul Luxembourg S.A., 1988
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 Doudesannonce vum Auguste Collart am Luxemburger Wort vum 22. Mee 1978 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 8. Februar 2022
  4. Distinctions honorifiques am Bulletin d'Information N°4 vum Abrëll 1953 vum Service Information et Presse op der Säit 63
  5. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951 Archivéiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-04.
  6. Ministère d'Etat du Grand-Duché de Luxembourg, « Bulletin de documentation », op Service information et presse du Gouvernement grand-ducal de Luxembourg,‎ (consulté le 18 juin 2020)