Eugène Hoffmann

Vu Wikipedia
Eugène Hoffmann
Gebuertsnumm Eugène Joseph Hoffmann
Gebuer 28. Mäerz 1886
Viichten
Gestuerwen 17. September 1935
Viichten
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Rietspartei, Onofhängeg Rietspartei, Baueren- a Mëttelstandspartei

Den Eugène Hoffmann, gebuer den 28. Mäerz 1886 zu Viichten, an do gestuerwen de 17. September 1935, war e lëtzebuergesche Bauer[1] a Politiker.[2]

Hie gouf den 23. Dezember 1915 fir d'éischt als Deputéierten an d'Chamber gewielt an duerno bis zu sengem Doud bei alle Walen erëmgewielt.[3] Hie war ufanks Member vun der Rietspartei, huet déi awer an den 1920er Joren verlooss. Hien huet du bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 fir d'Onofhängeg Rietspartei kandidéiert, a bei de Partielle Chamberwale vum 7. Juni 1931 fir d'Baueren- a Mëttelstandspartei, déi hien allebéid gegrënnt hat. No sengem Doud ass de Christian "Chrétien" Angelsberg fir hien an der Chamber nogeréckelt.[4]

Den Eugène Hoffmann war vum 26 Dezember 1934[5] bis zu sengem Doud Buergermeeschter vun der Gemeng Viichten.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Eugène Hoffmann op www.deltgen.com
  2. Doudesannonce vum Eugène Hoffmann am Luxemburger Wort vum 18. September 1935
  3. Noruff vum Chamberpresident Reuter beim Begriefnes vum Eugène Hoffmann am Luxemburger Wort vum 21. September 1935 S.5
  4. "Aus der Abgeordnetenkammer. Tageblatt, 23.9.1935.
  5. Memorial A N° 73 vun 1934 mat de Buergermeeschteren déi de 26. Dezember 1934 genannt goufen