Eugen Bamberger

Vu Wikipedia
Eugen Bamberger
Gebuer 19. Juli 1857
Berlin
Gestuerwen 10. Dezember 1932
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin,
Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Chimist, Universitéitsprofesser

Den Eugen Bamberger, gebuer den 19. Juli 1857 zu Berlin a gestuerwen den 10. Dezember 1932 zu Ponte Tresa (Schwäiz), war en däitsche Cheemiker, deen déi no him genannt Bamberger-Emlagerung entdeckt huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Bamberger huet, vun 1875 un, un der medezinescher Fakultéit vun der Humboldt-Universitéit Berlin studéiert. Hien ass awer duerno op d'Ruprecht-Karls-Universitéit zu Heidelberg gewiesselt an huet do Naturwëssenschafte studéiert. Vun 1876 bis 1880 huet hie Chimie zu Berlin studéiert, wou hien 1880 promovéiert huet an dunn zu Charlottenburg beim Karl Friedrich Rammelsberg Assistent gouf. 1891 ass hie Professer op der Ludwig-Maximilians-Universitéit München ginn ier hien 1893 Professer fir allgemeng Chimie um Polytechnikum (haut ETH) zu Zürich gouf. Hien hat eng Nervekränkt déi staark Kappwéi verursaacht huet an dëst huet hie gezwongen opzehalen. De Bamberger war vun 1888 mat der Karoline Rosalie Marie Sertorius bestuet.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

De Bamberger huet ongeféier 430 wëssenschaftlech Aarbechte verëffentlecht. Säin Haaptinteressi huet awer cheemesche Virgäng gegollt, bei deene sech Reaktiounsmechanisme mat komplizéierter Ëmsetzung an Zerleeung an eenzel Phasen ofspillen. Sou gouf eng cheemesch Reaktioun no him benannt: d'Bamberger-Ëmlagerung ass d'Synthes vu Para-Hydroxyanilin-Derivater aus Phenylhydroxylamin-Derivater mat Hëllef vu staark verdënnte Saieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]