Eukelade (Mound)

Vu Wikipedia
Eukelade
(Jupiter XLVII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 1
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.661.000 km
Periapsis 17.225.200 km
Apoapsis 30.096.800 km
Exzentrizitéit 0,272
Ëmlafzäit 746,4 Deeg
Ëmlafvitess 746,4 km/s
Inklinatioun 165,5°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 4 km
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,6
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 5. Februar 2003


Den Eukelade (och Jupiter XLVII) ass ee vun de klengste Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den S/2003 J 1 gouf de 5. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound ktut den 30. Mäerz 2005 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) den offiziellen Numm Eukelade (no der Eukelade, enger Duechter vum Zeus).

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

Den Eukelade kreest a 746 Deeg an 10 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 23.661.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,272. Mat enger Schréi vun 165,5° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Eukelade der Carme-Grupp, nom Jupitermound Carme genannt, zougedeelt.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Den Eukelade huet en Duerchmiesser vu ronn 4 km. Seng Dicht gëtt, wann ee vun engem Opbau aus Silikatgestengs ausgeet, op 2,6 g/cm³ geschat. Seng visuell Magnitude ass 22,6m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]