Euro

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Blo: Länner vun der Eurozon (18)
orange: Länner am EWM II (2)
rout: aner Memberlänner vun der EU (8)
mof: Länner an Territoiren, déi den Euro vu sech aus als Währung agefouert hunn (6)

Den Euro (Iso-Code: EUR – Symbol: €) ass d'Währung vun der Europäescher Wirtschafts- an Währungsunioun. 18 vun den 28 Memberstaate vun der Europäescher Unioun (EU) hunn en als Währung: d'Belsch, Däitschland, Éisträich, Estland, Finnland, Frankräich, Griicheland, Holland, Irland, Italien, Lettland, Lëtzebuerg, Malta, Portugal, d'Slowakei, Slowenien, Spuenien an Zypern. Dobäi komme 6 Net-EU-Staaten, wourënner d'Micro-Staaten Monaco, San Marino an den Hellege Stull (Vatikanstad). Ausserdeem gëtt et 5 Länner, an och d'Währungszonen CFA-Franc an CFP-Franc, deenen hiren Ëmrechnungscours un den Euro gebonne ass (kuckt och: Eurozon).

Den Euro gëtt et vum 1. Januar 1999 un als offiziell Buchwährung. Scho virdrun, de 14. Februar 1997 war allerdéngs schonn en éischten Emprunt an Euro, e Virleefer, op der Lëtzebuerger Bourse zur Cote zougelos ginn.

Euro-Biljeeën a Mënze koumen den 1. Januar 2002 an Ëmlaf.

1 Euro ass ënneragedeelt an 100 Cent.

Den Euro gëtt duerch de "System vun den Europäeschen Zentralbanke" verwalt, dee sech aus der Europäescher Zentralbank an den Zentralbanke vun der Eurozon zesummesetzt. D'Europäesch Zentralbank ass als eenzeg kompetent, Decisiounen, déi den Euro betreffen, ze huelen.

Wéi den Euro agefouert gouf[änneren | Quelltext änneren]

De Virleefer vum Euro ass den ECU, d'Rechnungsunitéit vum Europäesche Währungssystem (EWS), deen 1979 a Kraaft getruede war. Obschonn den ECU am Wäert vun 1:1 an Euro ëmgetosch gouf, ass nëmmen den Euro eng echt Währung; den ECU war just eng Rechnungsunitéit, also och keng Buchwährung. Ausserdeem ware just Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Länner déi ganzen Zäit am EWS integréiert.

Am Traité iwwer d'Europäesch Unioun (Traité vu Maastricht) sinn d'Convergenzcritère festgeluecht, déi mussen agehale ginn, fir kënnen an der Eurozon dobäi ze sinn. Den 13. Dezember 1996 sinn sech d'EU-Finanzministeren iwwer den Euro-Stabilitéitspakt eenz ginn.

Den 1. Januar 1999 ass d'Gebuertstonn vum Euro, vun do un sinn déi al nationale Währunge just nach Fraktioune vum Euro. Mä den Euro gouf et just um Pabeier: Virementën a Versementën konnten an Euro gemaach ginn (a Griicheland zanter dem 1. Januar 2001), Konten a Spuerbicher konnten an Euro oder den ale Währunge gefouert ginn. Wäertpabeieren an Aktien goufe just nach an Euro gehandelt. Mä nach sollt et 3 Joer daueren, bis datt d'Leit Eurosmënzen a -schäiner am Grapp kéinten halen.

Euro-Symbol

Am September 2001 ass domat ugefaange ginn, fir d'éischt d'Banken, dann d'Geschäfter no an no mat den neie Billjeeën a Schäiner anzedecken. Dës hunn awer bis zum Joreswiessel net däerfen an Zirkulatioun bruecht ginn. Eng Ausnam waren d'Euro-Mënzen, déi ee vum 15. Dezember a Form vun enger Zort Virwelztiitchen, "Euro-Starterkit" genannt, bei Banken a Posten ze kafe krut (zu Lëtzebuerg z. B. am Géigewäert vun 500 Frang). D'Iddi war, datt d'Leit sech alt kéinte mat deene neie Mënze kënneg maachen, an och, datt e se Mënz an der Täsch hätten, wann se vum 1. Januar un akafe goungen.

Den 1. Januar 2002, Punkt Hallefnuecht, goufen och d'Billjetën an den Ëmlaf bruecht. Während eng kuerzer Iwwergangszäit (déi ënnerschiddlech no Land war, mä net méi laang wéi den 28. Februar 2002 gedauert huet) sinn den Euro an déi al Landeswährunge parallel zirkuléiert. Dës hunn zanterhier kee legale Cours méi, kënnen awer nach eng gewëssen Zäit (och dëst ass vu Land zu Land, an och nodeem, ob et Billjetën oder Mënze sinn) bei den Zentralbanken an Euro ëmgetosch ginn. Lëtzebuergesch a Belsch Frang-Mënzen z. B. goufe just bis den 31. Dezember 2004 ëmgetosch, elo zielt just nach hire Metall- oder Sammlerwäert. D'Schäiner a Frange behalen awer hire Wäert.

An deene Länner, déi duerno den Euro agefouert hunn, gouf dat gläichzäiteg als Buch- an Ëmlafwährung gemaach (de sougenannte Big Bang-Zeenario). Och gouf d'Period vun der Parallel-Zirkulatioun vun der aler Währung an dem Euro op 14 Deeg begrenzt.

Ëmrechnungscours vum Euro[änneren | Quelltext änneren]

Den Taux vum Euro par Rapport zu den ale Währunge vun der Währungsunioun gouf (ausser fir Griicheland, d'Slowakei, Slowenien, Zypern, Malta an Estland) den 31. Dezember 1998 festgeluecht. D'Basis dobäi war den Ëmrechnungswäert vum ECU.

Een Euro entsprécht:

Par Rapport zum US-Dollar huet den Euro sech am Ufank negativ entwéckelt. De 4. Januar 1999, deen éischten Dag, wou Coursen op der Bourse an Euro gehandelt goufen, huet 1 Euro ronn 1,17 US-Dollar entsprach. No ongeféier 2 Joer hat den Euro mat ronn 0,82 Dollar pro Euro säin déifste Stand par Rapport zum Dollar erreecht. Des Tendenz geet awer zanterhier nees no uewen; den 21. September 2007 huet de Wiesselcours 1,40 US-Dollar fir 1 Euro iwwerschratt an de 26. Februar 2008 krut ee fir d'éischt Kéier fir 1 Euro 1,50 Dollar, an am Juli 2008 1,60 US-Dollar. Zanterhier ass de Wäert vum Dollar par Rapport zum Euro nees an d'Luucht gaangen; e louch am Juni 2010 ëm 1,20 USD fir 1 EUR.

Wou gëtt mat Euro bezuelt?[änneren | Quelltext änneren]

Dës Länner hunn hir al Währung duerch den Euro ersat:

  • Belsch (agefouert als Buchgeld 1999/ als Borgeld 2002)
  • Däitschland (1999/2002)
  • Eisträich (1999/2002)
  • Estland (2011/2011)
  • Finnland (1999/2002)
  • Frankräich (1999/2002)
  • Griicheland (2001/2002)
  • Holland (1999/2002)
  • Irland (1999/2002)
  • Italien (1999/2002)
  • Lettland (2014/2014)
  • Lëtzebuerg (1999/2002)
  • Malta (2008/2008)
  • Portugal (1999/2002)
  • Slowakei (2009/2009)
  • Slowenien (2007/2007)
  • Spuenien (1999/2002)
  • Zypern (2008/2008)

Dozou gehéieren och déi véier franséisch Departementer vun déisäit dem Mier (Départements Outre-Mer oder DOM) Guyane, Réunion, Martinique a Guadeloupe. Et kann een deemno am Südamerikaneschen Djungel mam Euro bezuelen. Och Saint Pierre et Miquelon huet den Euro.

Dräi Länner hate scho virdrun eng Währungsunioun mat engem Land, dat der EWU bäigetruede ass, an hunn deemno och den Euro als legal Währung agefouert. Dëst sinn:

Si hate virdru schonn d'Recht, eng begrenzte Mass Suen a Form vu Mënzen erauszegin (a Franséische Frang, resp. Liren), a kënnen dofir och eng limitéiert Zuel Euros-Mënzen erausginn.

Aner Territoiren hu vu sech aus decidéiert, den Euro zu hirer Standardwährung ze maachen, ouni datt se eege Sue kéinten erausginn oder soss eppes matzedecidéieren hätten:

Kosovo a Montenegro hate virdrun als Währung déi Däitsch Mark, Andorra hat de Franséische Frang an d'Spuenesch Peset. Nodeem et e Währungsofkommes mat der EU ënnerschriwwen hat, dierf Andorra vun 2014 eng begrenzten Zuel Euro-Mënze mat enger eegener Récksäit klappen.

Kuckt och den Artikel Eurozon.

EU-Staaten, déi sech géint den Euro entscheet hunn[änneren | Quelltext änneren]

D'EU-Memberstaaten Dänemark, Schweden a Groussbritannien hu sech bis ewell net fir den Euro decidéiert an halen hir al Währungen.

Groussbritannien an Dänemark hate fir sech am Traité vu Maastricht eng sougenannt "Opt-out"-Klausel duerchgesat, d. h. si hu sech d'Recht virbehalen, méi spéit ze decidéieren, ob a wann si dem Euro géife bäitrieden.

Fir Schweden ass dës Méiglechkeet a sengem Bäitrëtts-Traité zwar net virgesinn, mä et erfëllt bis ewell net d'Critèren, dem Wiesselcours-Mechanismus II bäizetrieden. Och huet d'Schwedesch Vollek an engem Referendum schonn zweemol refuséiert, der Europäescher Währungsunioun bäizetrieden.

Memberstaaten, déi no 2002 der EU bäigetruede sinn[änneren | Quelltext änneren]

Déi Staaten, déi den 1. Mee 2004 (Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, d'Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn an Zypern), den 1. Januar 2007 (Bulgarien a Rumänien) an den 1. Juli 2013 Kroatien der EU bäigetruede sinn, hu keng Méiglechkeet, vu vir eran net Member an der Europäescher Währungsunioun ze sinn. Se mussen awer selbstverständlech d'Stabilitéitscritèren anhalen an 2 Joer an der "Salle d'attente" vum Wiesselcours-Mechanismus II sinn, éier se den Euro kënnen aféieren.

De 27. Juni 2004 goufen d'Estesch Kroun, de Sloweneschen Tolar an de Litauesche Litas am Wiesselcours-Mechanismus II agebonnen. Den 29. Abrëll 2005 sinn de Lettesche Lats, d'Maltesecht Pond an d'Zypriotescht Pond dobäikomm, an den 28. November 2005 d'Slowakesch Kroun. Bei deenen anere sinn d'Critèrë fir den EWR-II bis ewell nach net erfëllt.

Slowenien huet sech als éischt vun deene Länner qualifizéiert, an den Euro den 1. Januar 2007 als 13. Memberstaat agefouert. Malta an Zypern sinn den 1.1.2008 nokomm, an d'Slowakei war den 1. Januar 2009 un der Rei. Den 1.1.2011 huet Estland den Euro agefouert, an den 1. Januar 2014 Lettland.

Euro-Billjeeën a -Mënzen[änneren | Quelltext änneren]

Euro-Billjeeën a -Mënzen

Billjeeën[änneren | Quelltext änneren]

D'Eurobilljeeë sinn an alle Länner d'selwecht. Et gëtt Billjeeë vu 5 Euro, 10 Euro, 20 Euro, 50 Euro, 100 Euro, 200 Euro a 500 Euro.

Drop ze gesi si verschidde Motiver zum Thema "Baustiler an Europa uechtert d'Zäit". Op der viischter Säit ass als Motiv eng Fënster, op der Récksäit eng Bréck aus deene verschiddenen Bauepochen. Et si keng reel Bauwierker, mä stiliséiert Representatioune vun deem, wat typesch fir déi ofgebildten Zäit war.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eurobilljeeën Nuvola apps xmag.png

Mënzen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt aacht Mënzen: 0.01 Euro, 0.02 Euro, 0.05 Euro, 0.10 Euro, 0.20 Euro, 0.50 Euro, 1.00 Euro, 2.00 Euro.

D'viischt Säit vun de Mënzen (den Avers) ass identesch an allen Eurozon-Memberlänner. Representéiert ass op de Mënze vun 1, 2 a 5 Cent Europa an der Welt. Op de Mënzen, déi virun 2007 erauskoumen, sinn op den 10-, 20- a 50-Cent-Mënzen déi (bis 2004) 15 EU-Memberslänner niefteneen, an um 1 an 2 Euro-Stéck d'EU mat hire (bis 2004) 15 Memberslänner. Vun 2007 ass op de Mënzen am Wäert vun 10 Cent bis 2 Euro Europa als Kontinent ofgebilt, fir den Erweiderunge vun 2004 an 2007 (an duerno?) Rechnung ze droen.

All Land aus der Eurozon huet säin eegenen Design op der Récksäit (Revers) vun de Mënzen. Déi eenzeg Gemeinsamkeet sinn déi 12 Stären aus dem Europäesche Fändel. Op der Récksäit kann datselwecht Bild op allen 8 Mënze sinn, wéi bei den ireschen, e verschiddent jee no 'Faarf' vun der Mënz, wéi bei de spueneschen, oder awer ee verschiddent fir all Mënz, wéi bei deenen éisträicheschen.

Do donieft gëtt et nach Extraversioune vun den 2-Euro Mënzen, déi d'Memberstaaten eemoleg zu engem bestëmmten Ulass, an an enger limitéierter Oplo, erausgi kënnen.

Et kann een iwwerall an der Eurozon mat deene verschiddene Mënze bezuelen, vu wou och ëmmer se sinn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Euromënzen Nuvola apps xmag.png

Aussprooch[änneren | Quelltext änneren]

Eleng an den 14 offizielle Sprooche vun de Länner vun der Eurozon gëtt et 7 Varianten, fir dat kleng Wiertchen "Euro" auszschwätzen: "Oiro" am Däitschen, "Öro" am Franséischen an am Hollänneschen, "Yurou" am Engleschen, a, mat gerulltem "R", "EUro" am Italieneschen, Spueneschen, Esteschen a Finneschen, "EUru" am Portugiseschen, "Airo" am Letteschen, an "Ewro" am Griicheschen, am Slowakeschen an am Sloweneschen.

Zu Lëtzebuerg gëtt sech typescherweis jee no perséinlechem Goût no der däitscher oder der franséischer Ausschwätzweis geriicht.

Bei "Cent" ass et nach méi komplizéiert: dofir hunn d'Griichen en eegent Wuert (leptó/leptá), an an de romanesche Sproochen gëtt am Alldag dacks dee gebräichlechen Numm fir den honnertsten Deel gebraucht, wéi "centime", "centesimo", "cêntimo", asw. D'Finne schreiwen "sentit/senttiä".

Am Lëtzebuergesche schéngt sech den "Tsent" duerchgesat ze hunn; "Zantimm" oder "Centime" héiert een éischter seelen, a "5 Su" fir 0.25€ (sou wéi fréier d'25-Centimes-Mënz "Fënnef-Su-Stéck" housch) ass praktesch inexistent.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Den Euro huet 2002 de Karlspräis vun der Stad Oochen kritt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.
Commons: Euro – Biller, Videoen oder Audiodateien