Euro-Zon
| Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Euro-Zon (och alt Euroland genannt) ëmfaasst déijéineg Memberstaate vun der Europäescher Unioun, déi den Euro (€) als Währung agefouert hunn.
Dat sinn zur Zäit: d'Belsch, Däitschland, Éisträich, Estland, Finnland, Frankräich, Griicheland, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Malta, Portugal, d'Slowakei, Slowenien, Spuenien an Zypern.
Dräi Memberstaaten, Dänemark, Groussbritannien a Schweden hu bis op weideres decidéiert, virleefeg net der Euro-Zon bäizetrieden.
Déi zwielef Memberstaaten, déi den 1. Mee 2004, respektiv den 1. Januar 2007 der EU bäigetruede sinn, hu keng Méiglechkeet, vu vireran ze refuséieren, den Euro anzeféieren. Si mussen allerdéngs déi néideg Stabilitéits-Critèren erfëllen, éier se dat kënne maachen. 5 Dovunner hunn dat bis ewell gepackt: Slowenien (2007), Malta an Zypern (2008), d'Slowakei (2009) an Estland (2011).
Kuckt och [änneren]
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |
| Commons: Maps of the Eurozone – Biller, Videoen oder Audiodateien |