Eurobilljeeën

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Euro, d'gemeinsam Währung vu 17 (+3) Memberstaate vun der Europäescher Unioun, zirkuléiert a Form vu 7 verschiddene Billjeeën (do dernieft ginn et 8 verschidde Mënzen). Des gofen den 1. Januar 2002 an Ëmlaf bruecht.

Am Oktober 2006 ware bal 11 Milliarde Schäiner, mat engem Wäert vu bal 590 Milliarden Euro, am Ëmlaf.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ausgesinn

Et ginn 7 verschidde Coupurën, déi all eng aner Faarf hunn. D'Motiver doropper representéieren d'Geschicht vun den europäeschen Architektur-stiler. Op der viischter Säit, dem Recto, si Fënsteren a Paarten ze gesinn, op der Récksäit, dem Verso, Brécken. Des solle Verbonnenheet an Oppenheet symboliséieren. Entworf huet se den Éisträicher Robert Kalina.

Op allen 8 Billjeeën sinn den europäesche Fändel, d'Initiale vun der Europäescher Zentralbank a 5 Varianten (BCE, ECB, EZB, EKT, EKP), d'Ënnerschrëft vum President vun der Zentralbank, den Numm Euro a laténgescher a griichescher Schrëft, an eng Kaart vun Europa op der Récksäit.

Beschreiwung vun den Eurobilljeeën
Numm Dimensiounen Haaptfaarf Architektur Epoch Positioun vum Plakke-Code
5 Euro | €5
120 x 62 mm
Gro
Klassik
< 5. Joerhonnert
lénks um Bord
10 Euro | €10
127 x 67 mm
Rout
Romanik
11.-12. Joerhonnert
8 Auer Stär
20 Euro | €20
133 x 72 mm
Blo
Gotik
13.-14. Joerhonnert
9 Auer Stär
50 Euro | €50
140 x 77 mm
Orange
Renaissance
15.-16. Joerhonnert
riets um Bord
100 Euro | €100
147 x 82 mm
Gréng
Barock & Rokoko
17.-18. Joerhonnert
riets vum 9 Auer Stär
200 Euro | €200
153 x 82 mm
Giel-Brong
Eisen & Glas
19.-20. Joerhonnert
iwwert dem 7 Auer Stär
500 Euro | €500
160 x 82 mm
Mof
Modern
20.-21. Joerhonnert
9 Auer Stär

[änneren] Wou gouf de Schäin gedréckt, a ween huet en erausginn?

Anescht ewéi d'Euromënzen hunn d'Eurobilljeeë keng national Säit, déi géif weisen, vu wou de Billjee hirkënnt. Dofir kann een um Buschtaf virun der Seriennummer gesinn, wat fir eng National Zentralbank de Schäin erausginn huet.

Code vun der nationaler Zentralbank
Code Land
Z
Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Y
Flag of Greece.svg Griicheland
X
Flag of Germany.svg Däitschland
(W)
(Flag of Denmark.svg Dänemark)
V
Flag of Spain.svg Spuenien
U
Flag of France.svg Frankräich
T
Flag of Ireland.svg Irland
S
Flag of Italy.svg Italien
R
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
(Q)
Net verginn
P
Flag of the Netherlands.svg Holland
(O)
N
Flag of Austria.svg Éisträich
M
Flag of Portugal.svg Portugal
L
Flag of Finland.svg Finnland
(K)
(Flag of Sweden.svg Schweden)
(J)
(Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien)
H
Flag of Slovenia.svg Slowenien
G
Flag of Cyprus.svg Zypern
F
Flag of Malta.svg Malta
E
Flag of Slovakia.svg Slowakei
(D)
(Flag of Estonia.svg Estland)

D'Buschtawe W, K a J si reservéiert fir déi Länner, déi den Euro nach net agefouert hunn.

Op der viischter Säit verstoppt ass de Code, duerch deen d'Dréckerei z'erkennen ass: de Plakke-Code. An der éischter Tabell uewe steet, wou de Code ze fannen ass. De Buschtaf steet fir d'Dréckerei (kuckt hei drënner) D'Coden A, C an S si reservéiert fir Dréckereien, déi bis ewell keng Billjeeën drécken. D'Dréckerei muss net noutwennegerweis an deem Land sinn, dat de Billjee erausgëtt: Sou sinn z.B. verschidde finnesch Eurosschäiner an enger englescher Dréckerei gedréckt ginn. De Buschtaf an d'Ziffer um Wupp vum Code ginn un, wou de Schäin um Drockerbou war: A1 ass uewe lénks, J6 ass ënne riets.

Dréckerei-Kennung
Code Dréckerei Uertschaft Staat
(A)
(Bank of England Printing Works) (Loughton) (Groussbritannien)
(B)
net a Gebrauch --- ---
(C)
(AB Tumba Bruk) (Tumba) (Schweden)
D
Setec Oy Vantaa Finnland
E
F. C. Oberthur Chantepie Frankräich
F
Österreichische Banknoten und Sicherheitsdruck GmbH Wien Éisträich
G
Johan Enschedé & Zn. Haarlem Holland
H
De la Rue Gateshead Groussbritannien
(I)
net a Gebrauch --- ---
J
Banca d'Italia Roum Italien
K
Central Bank of Ireland Dublin Irland
L
Banque de France Chamalières Frankräich
M
Fábrica Nacional de Moneda y Timbre Madrid Spuenien
N
Bank of Greece Athen Griicheland
(O)
net a Gebrauch --- ---
P
Giesecke & Devrient München & Leipzig Däitschland
(Q)
net a Gebrauch --- ---
R
Bundesdruckerei Berlin Däitschland
(S)
(Danmarks Nationalbank) (Kopenhagen) (Dänemark)
T
Banque Nationale de Belgique Bréissel Belsch
U
Valora Carregado Portugal

[änneren] Biller vun de Billjeeën

Viischt Säit Recto) Wäert Hënnescht Säit (Verso)
EUR 5 obverse (2002 issue).jpg
€ 5
EUR 5 reverse (2002 issue).jpg
EUR 10 obverse (2002 issue).jpg
€ 10
EUR 10 reverse (2002 issue).jpg
EUR 20 obverse (2002 issue).jpg
€ 20
EUR 20 reverse (2002 issue).jpg
EUR 50 obverse (2002 issue).jpg
€ 50
EUR 50 reverse (2002 issue).jpg
EUR 100 obverse (2002 issue).jpg
€ 100
EUR 100 reverse (2002 issue).jpg
EUR 200 obverse (2002 issue).jpg
€ 200
EUR 200 reverse (2002 issue).jpg
EUR 500 obverse (2002 issue).jpg
€ 500
EUR 500 reverse (2002 issue).jpg

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun.
Commons: Euro banknotes – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen