Eurobond

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eurobonds sinn Obligatioune mat enger mëttlerer oder laanger Lafzäit (tëscht 5 a 15 Joer) um Eurokapitalmaart (Euromaart), déi am Géigesaz zu Auslandsemprunten net obligatoresch an der Währung vum Land, wou se ofgesat ginn, ausgedréckt sinn.

Déi Emissiounen, déi a méi wéi engem Land Ofsaz sichen, ginn an der Regel duerch international Bankkonsortie placéiert. Als Währung dominéieren: US-Dollar, Yen, Schwäizer Frang, Pond Sterling an Euro.

Emittente si privat Entreprisë mat héijem Bonitéitsstandard, Staaten, ëffentlech Kierperschaften an och supranational Institutiounen.

Den eischten Eurobond ass 1963 vun 'Autostrada' op der Bourse vu Lëtzebuerg notéiert ginn. Déi Emissioun hat e Wäert vu 15 Milliounen US-Dollar an eng Lafzäit vu 15 Joer. Si bestoung aus 60.000 Bearer Bonds mat engem Wäert vun 250 US-Dollar, déi Recht op e Coupon vu 5,5 % ginn hunn.