Eurocross (Dikrech)

Vu Wikipedia

Den Eurocross ass e Cross deen all Joer am Februar zu Dikrech gelaf gëtt.

Dëse Cross gëtt vum Celtic Dikrech organiséiert an ass een IAAF Cross Country Permit Meeting, wat dazou bäidréit, datt all Joer grouss Athleeten aus dem Kenia, Ethiopien an Tunesie matlafen. Et lafen awer och nach Athleeten aus aneren Ecke vun der Welt mat.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

D'Streck läit hanner der Schwämm an dem Stadion municipale zu Dikrech. De Start an d'Zil sinn um Foussballsterrain. Nom Start geet et eng Ronn ëm dëse Foussballsterrain (Mëttleren Tour=550m) ier et da biergop duerch e klenge Bësch geet. Dës Montée ass géi, an et sinn puer Träppleken dran, déi d'Saach net méi liicht maachen an dëse Cross och bekannt gemaach hunn. Duerno geet et an d'Descente an dann erëm op de Foussballsterrain (Groussen Tour=1350m).

Distanz[änneren | Quelltext änneren]

Dammen: 5350m (2 kleng + 3 grouss Tier)
Hären: 10200m (1 klengen + 7 grouss Tier)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Eurotrail