Eurogrupp
| Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Eurogrupp bezeechent d'informell Reunioun vun de Finanzministere vun der Euro-Zon, déi politesch Décisiounen, déi den Euro betreffen, sollen ofschwätzen. De Jean-Claude Juncker ass zënter dem 1. Januar 2005 den éischte President vun dësem Grupp. Säi Mandat bis ewell dräimol verlängert, fir d'Lescht den 18. Januar 2010 fir weider zwee an en halleft Joer.[1]
Éier den Traité vu Lissabon den 1. Dezember 2009 a Kraaft getruede war, war den Euro-Grupp just en informelle Grupp ouni juristesch Basis. Am Protokoll 14 vum Traité vu Lissabon steet iwwer den Eurogrupp:
Artikel 1: D'Ministere vun deene Memberstaaten, deenen hir Währung den Euro ass, kommen informell zesummen. Esou Reunioune ginn ofgehalen, wann et néideg ass, fir Froen zu de spezifesche Resposabilitiéiten ze diskutéieren, déi se zesummen am Bezuch op hir gemeinsam Währung hunn. D'[Europäesch] Kommissioun ass bei deene Reuniounen mat derbäi. D'Europäesch Zentralbank gëtt invitéiert, un deene Reuniounen deelzehuelen, déi preparéiert gi vun de Vertrieder vun de Ministeren aus deene Länner, déi den Euro als Währung hunn, an déi fir d'Finanzen zoustänneg sinn.
Artikel 2: D'Ministere vun de Memberstaaten, deenen hir Währung den Euro ass, wielen e President fir zwee an en halleft Joer mat der Majoritéit vun deene Memberstaaten. [2]
Ausserdeem goufen am neien Traité d'Reegele vum Conseil vun der EU geännert, datt wann den Ecofin-Conseil iwwer Saachen ofstëmmt, déi d'Eurozon betreffen, just déi Länner, déi den Euro hunn (d.h. d'Eurogrupp-Länner), doriwwer ofstëmmen dierfen.[3]
[änneren] Referenzen
- ↑ "Jean-Claude Juncker réélu président de l'Europgroupe." nouvelobs.com, Reuters, 18.01.2010, 18:34.
- ↑ Iwwersat vun: PROTOCOLS Protocol 14 of the Consolidated Treaties of the European Union (as amended by the Treaty of Lisbon), Official Journal of the European Union C (2008) 115, S. 201-328.
- ↑ Treaty of Lisbon (Provisions specific to member states whose currency is the euro), op EurLex.
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |