Euromënzen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Vum Euro, der gemeinsamer Währung vu 17 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, ginn et Mënzen an 8 verschiddene Wäerter. Dës goufen den 1. Januar 2002, zesumme mat 7 verschiddenen Eurobilljeeën, agefouert.

1 Euro ass an 100 Cent ënneragedeelt.

Inhaltsverzeechnes

Beschreiwung [änneren]

Beschreiwung vun den Euromënzen
Nennwäert Duerchmiesser Déckt Mass Alliage Bord
1 Cent 16,25 mm 1,67 mm 2,30 g Stol mat Koffer-Iwwerzuch glat
2 Cent 18,75 mm 3,06 g glat mat enger Rill an der Mëtt
5 Cent 21,25 mm 3,92 g glat
10 Cent 19,75 mm 1,93 mm 4,10 g Kofferalliage (Nordescht Gold) Wellestruktur (geradderegte Bord)
20 Cent 22,25 mm 2,14 mm 5,74 g glat mat 7 Kaulen
(Spuenesch Blumm)
50 Cent 24,25 mm 2,38 mm 7,80 g Wellestruktur (geradderegte Bord)
1 Euro 23,25 mm 2,33 mm 7,50 g bannendran: Koffer-Néckel-Alliage
ronderëm: Néckelbronze
6 Segmenter, déi noëneen
glat a mat renge Rille sinn
2 Euro 25,75 mm 2,20 mm 8,50 g bannendrann: Néckelbronze
baussen: Koffer-Néckel-Alliage
reng Rille mat Schrëft
(verschidden no Land, dacks eng "2")

Viischt Säit [änneren]

D'viischt Säit (Avers) ass op de Mënze vun alle Länner déiselwecht; et ginn 3 Designen, je no 'Faarf', déi all vum Belsch Luc Luycx entworf goufen.

Op de Mënze vun 1, 2 a 5 Cent ass Europa a Relatioun zu der Welt duergestallt:

Bei de Mënze vun 10 Cent a méi gëtt et e liichten Ënnerscheed am Ausgesinn, je nodeem, op se virun oder no 2006 geprägt goufen.

Mënzen, déi tëscht 1999 an 2006 erauskoumen [änneren]

Op deene vun 10, 20 a 50 Cent gëtt gewisen, wéi déi (bis Mee 2004) 15 EU-Memberstaaten zesummefannen. D'1- an d'2-Euro-Mënz hunn d'EU (zu 15) als Sujet.

Mënzen, déi vun 2007 un erauskomm sinn [änneren]

Well 2004 10 Memberlänner bäikoumen (vun deenen eent, Slowenien, 2007 den Euro agefouert huet), an 2007 nach eng Kéier 2, an dës Länner awer net op de Mënzen ze gesi waren, gouf 2005 decidéiert, amplaz vun der EU zu 15, de Kontinent Europa ze weisen.

Déi Mënze mam alen Design behalen awer hir Gëltegkeet a bleiwe weider am Ëmlaf.

Récksäit [änneren]

Jiddwer Land vun der Euro-Zon hat d'Méiglechkeet, selwer ze bestëmmen, wéi d'Récksäit (oder de Revers) vun de Mënze sollt ausgesinn. Eenzeg Virgaf: Déi 12 Stäre vum europäesche Fändel mussen drop ze gesi sinn. Sou ginn et Länner wéi d'Belsch, déi op allen 8 Mënzen datselwecht Bild hunn, anerer, wéi Däitschland, déi je no 'Faarf', en aneren Design hunn, oder och, wéi Italien, wou et 8 verschidden Ofbildunge ginn.

Et gëtt eegen Artikele fir d'national Récksäiten:


Monaco, San Marino an de Vatikanstad sinn zwar keng Memberstaate vun der EU, haten awer virum Euro Accordë mat Frankräich, resp. Italien, fir eege Mënzen erauszeginn. Dofir gi si och eege Mënzsätz an Euro eraus, déi awer an esou klengen Oploë sinn, dassen se bal integral an den Albume vun de Sammler verschwannen.

Ännerungen um Design [änneren]

D'Memberstaate mussen hir national Récksäit och op d'mannst 5 Joer bäibehalen. Als Ausnam ass de Fall virgesinn, wou en anere Monarch Staatschef géif, wéi deen, deem säi Bild op de Mënzen ass. Dëst geschouch 2006 mat de monegassesche Mënzen an deenen aus dem Vatikan, wou a béide Fäll de Staatschef 2005 gestuerwe war.

Den 3. Juni 2005 huet d'Europäesch Kommissioun, an Accord mat de Memberstaaten, eng Recommandatioun erausginn, déi festleet, datt all nei national Säiten den Numm vum Land (oder eng Ofkierzung dovunner) sollen hunn, fir datt ee se besser erëmerkenne soll. Och sollt den Numm vun der Mënz net méi dropstoen, well dee schonns op der viischter Säit steet, et sief, an deem Memberstaat wier en anert Alphabet ewéi dat Laténgescht am Gebrauch.

Och den Design vun de Mënze vun 10 Cent a méi gëtt, wéi uewe beschriwwen, vun 2007 un, op der viischter Säit progressiv geännert. Mënzen am alen Design behalen hir Gëltegkeet.

2-Euro-Gedenkmënzen [änneren]

Belsch Gedenkmënz vun 2006 mam Atomium drop

Vun 2003 un hunn d'Memberstaaten vun der Euro-Zon d'Méiglechkeet, ënner gewësse Conditiounen, 2-Euro-Gedenkmënzen erauszeginn, mat engem aneren Design op der nationaler Säit ewéi deem üblechen. Mat dëse Mënze kann an der ganzer Euro-Zon bezuelt ginn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: 2-Euro-Gedenkmënzen Nuvola apps xmag.png

Gedenkmënzen an anere Wäerter [änneren]

Sou wéi fréier bei den nationale Währungen, hunn d'Memberstaate vun der Euro-Zon d'Méiglegkeet, Gedenkmënzen an anere Wäerter (z. B. 10 Euro, 2 ½ Euro) aus méi edele Metaller, wéi z. B. Gold oder Sëlwer, erauszeginn.

Dës hu kee legale Cours an deenen anere Länner vun der Euro-Zon, a ginn och kaum am Land, wou s'erauskoume, benotzt fir ze bezuelen, well hiren tatsächleche Wäert iwwer deem vun hirem Nominalwäert ass.

1- an 2-Cent-Stécker [änneren]

Finnland hat vun Ufank un decidéiert, (ausser fir d'Sammler) keng 1- an 2-Cent-Stécker an Ëmlaf ze bréngen. An de Butteker gëtt einfach no deem nooste Betrag, dee mat 5 oder 0 ennegt, op- oder ofgeronnt.

An Holland gouf am September 2004 decidéiert, de Geschäfter datselwecht z'erlaben. D'Mënzen, déi am Ëmlaf sinn, behalen awer hire Wäert, a se mussen (bis zu enger gewësser Zuel) beim Bezuelen acceptéiert ginn. Dat gëllt och a Finnland fir d'1- an 2-Cent-Stécker aus anere Memberstaaten.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun.
Commons: Euro coins – Biller, Videoen oder Audiodateien