Europäesch Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen

Vu Wikipedia

D'Europäesch Charta fir Regional- oder Minoritéitssprooche gouf 1992 zu Stroossbuerg am Europarot ënnerschriwwen an ass 1998 a Kraaft getrueden.

Dës Sproochecharta besteet aus engem Katalog vu Moossname fir Regional- oder Minoritéitssproochen z'ënnerstëtzen, an zwar an de Beräicher: Bildungswiesen, Justiz, Administratioun, ëffentlech Déngschtleeschtungsbetriber, Medien a kulturell Aktivitéiten tëscht den Nopeschlänner. Jiddwer Land, dat dës Charta ratifizéiert huet, engagéiert sech op d'mannst 35 Moossname vun dësem Katalog ëmzesetzen. Bis dato hunn 20 Länner dës Charta ratifizéiert (Stand: Mee 2006)

Ee Kommitee aus Experten iwwerwaacht d'Anhale vun där Charta an deene verschiddene Länner.

Lëtzebuerg huet dës Charta den 22. Juni 2005 ratifizéiert.

An engem Avis vum Conseil d'État vum 30. Mäerz 2004 gëtt erkläert, datt Lëtzebuerg net vun där Charta betraff ass, well et zu Lëtzebuerg keng historesch gewuesse Minoritéitssprooche gëtt. Lëtzebuerg kéint dës Charta also ouni Bedenke ratifizéieren, an engem Solidaritéitsakt mat deene betraffene Länner.

An den Nopeschlänner Frankräich a Belsch wier déi Lëtzebuerger Sprooch deemno eng historesch gewuesse Minoritéitssprooch, mä hei kann d'Charta net agesat ginn, well dës 2 Länner d'Charta net ratifizéiert hunn.

Zanter dem 14. Dezember 2005 gëtt Lëtzebuerg am Experte Kommitee vum lëtzebuergesche Linguist Jérôme Lulling vertrueden.

Ratifikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland Ratifikatioun: 16.9.1998

Armenien Ratifikatioun: 25.1.2002

Éisträich Ratifikatioun: 28.6.2001

Zypern Ratifikatioun: 26.8.2002

Kroatien Ratifikatioun: 5.11.1997

Dänemark Ratifikatioun: 8.9.2000

Spuenien Ratifikatioun: 9.4.2001

Finnland Ratifikatioun: 9.11.1994

Ungarn Ratifikatioun: 26.4.1995

Liechtenstein Ratifikatioun: 18.11.1997

Lëtzebuerg Ratifikatioun: 22.6.2005

Holland Ratifikatioun: 2.5.1996

Norwegen Ratifikatioun: 10.11.1993

Groussbritannien Ratifikatioun: 27.3.2001

Slowakei Ratifikatioun: 5.9.2001

Slowenien Ratifikatioun: 4.10.2000

Schweden Ratifikatioun: 9.2.2000

Schwäiz Ratifikatioun: 23.12.1997

Ukrain Ratifikatioun: 19.9.2005

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]