Europäesch Zentralbank
D'Europäesch Zentralbank (kuerz: EZB) gouf 1998 gegrënnt, fir, wéi et am Traité iwwert d'Europäesch Unioun virgesi war, déi neigeschafe Währung, den Euro, anzeféieren an ze géréieren, Change-Operatiounen ze maachen an dofir ze suergen, datt d'Bezuelsystemer ouni Problemer fonctionnéierern. Hir Aufgab ass et och, d'Wirtschafts- a Währungspolitik vun der EU ze definéieren an ëmzesetzen. Si ass zënter dem 1. Dezember 2009 eng vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun an huet hire Sëtz zu Frankfurt am Main.
Fir dës Aufgaben z'erfëlle schafft si mam "Europäesche System vun den Zentralbanken" zesummen, an deem déi 27 Zentralbanke vun den EU-Memberstaaten vertruede sinn. Op den 1. Januar 2011 hu 17 vun deene Länner den Euro agefouert, cf Euro-Zon, a bilden, zesumme mat der Europäescher Zentralbank, de sougenannten "Eurosystem".
D'Europäesch Zentralbank, wéi och d'national Zentralbanke vum Eurosystem, si vëlleg onofhängeg an hiren Decisiounen. Déi aner Europäesch Institutiounen an d'Regierunge vun de Memberstaaten däerfen net probéieren, dës ze beaflossen.
Inhaltsverzeechnes |
Hir Aufgaben [änneren]
Eng vun den Haaptaufgabe vun der Europäescher Zentralbank ass et, d'Präisstabilitéit an der Euro-Zone bäizebehalen, fir datt den Euro seng Kafkraaft behält.
Fir dat s'erreechen, muss si d'Inflatioun genee am A behalen. D'EZB mécht alles, fir datt dës ënnert 2% am Joer bleift. Dofir kontrolléiert se fir d'éischt emol, wivill Suen am Ëmlaf sinn. Wann dat der ze vill wieren par rapport zu de Wueren a Servicer, déi ugebuede ginn, géif d'Inflatioun an d'Luucht goen. Zweetens kontrolléiert se, wéi d'Präisser sech entwéckelen a se évaluéiert, wéi wäit doduercher d'Präisstabilitéit an der Euro-Zon a Gefor ass.
Fir d'Mass vun de Suen am Ëmlaf ze beaflossen, leet d'Europäesch Zentralbank de Leetzënssaz (Taux directeur) fest, dee fir déi ganz Euro-Zon gëllt.
Hir Funktiounsweis [änneren]
D'Aarbechte vun der EZB ginn duerch dës 3 Entscheedungsinstanzen definéiert:
- Den Directoire sëtzt sech zesummen aus dem President, dem Vizepresident a véier anere Memberen, déi all vun den Staats- a Regierungscheffen vun de Länner vun der Euro-Zon eenheetlech op 8 Joer désignéiert goufen. Éischte President war de Wim Duisenberg, am November 2003 gouf de Jean-Claude Trichet säin Nofolger, an zënter dem November 2011 ass et de Mario Draghi. Den Directoire sëtzt Währungspolitik ëm, sou wéi se vum Conseil vun de Gouverneure vun den Zentralbanken (kuckt méi wäit ënnen) decidéiert gouf, a gëtt den nationalen Zentralbanken Instruktiounen. Hien ass verantwortlech fir d'alldeeglech Gestioun vun der EZB.
- De Conseil vun de Gouverneure vun den Zentralbanken ass dat iewescht Decisiouns-Organ vun der EZB. E sëtzt sech zesummen aus de 6 Membere vum Directoire an de Gouverneure (Presidente) vun den 16 Zentralbanken aus der Euro-Zon. Hien decidéiert iwwert d'Währungspolitik an der Euro-Zon, an e leet d'Zënssätz fest, zu deenen d'Geschäftsbanken bei der Zentralbank Sue léine kënnen.
- Den Erweiderte Conseil, an deem de President an de Vizepresident vun der EZB, souwéi d'Gouverneure vun den Zentralbanke vun alle 27 EU-Memberstaaten zesummekommen. Den Erweiderte Conseil dréit ë. a. dozou bäi, d'Ausbreedung vun der Euro-Zon mat ze preparéieren.
Soss [änneren]
Op all Euroschäin sti lénks uewen d'Initiale vun der EZB an deene verschiddene Sproochen:
- EZB: Europäische Zentralbank
- BCE: Banque Centrale Européenne, Banco Central Europeo, Banca Centrale Europea, Banco Central Europeu
- ECB: European Central Bank, Europæiske Centralbank, Europese Centrale Bank, Europeiska Centralbanken, Evropske Centralny Banka
- ΕΚΤ: Ευρωπαικη Κεντρικη Τραπεζα
- EKP: Euroopan Keskuspankki
D'Ënnerschrëft op der 2002er-Serie ass, bei de Schäiner, déi bis 2003 gedréckt goufen, déi vum Wim Duisenberg, déi vun 2004 bis 2011 droen déi vum Jean-Claude Trichet, an déi dono déi vum Mario Draghi
Literatur [änneren]
- Otmar Franz: Die Europäische Zentralbank, Europa-Union-Verlag, Bonn, 1990
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Europäesch Zentralbank – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |