Europäesche Geriichtshaff
Den Europäesche Geriichtshaff (offiziell: Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun, virdrun: Geriichtshaff vun den Europäesche Communautéiten) gouf 1952 duerch den Traité vu Paräis (CECA-Traité) gegrënnt. En ass dat iewescht Geriicht vun der Europäescher Unioun, wat europäescht Recht betrëfft.
Seng Aufgab ass et, dofir ze suergen, datt d'communautairt Recht an alle Memberslänner d'selwecht interpretéiert an ugewandt gëtt. De Geriichtshaff kann a Litigen tëschent Memberstaaten, Organer vun der EU, Enterprisen oder Privatpersounen decidéieren.
Den Europäesche Geriichtshaff huet säi Sëtz an der Stad. Ronn 1900 Leit schaffen do.
Inhaltsverzeechnes |
Zesummesetzung [änneren]
Den Europäesche Geriichtshaff sëtzt sech zesummen aus engem Riichter pro Memberstaat, fir datt all national Rechtsuerdnunge solle vertruede sinn. Fir méi effektiv ze schaffen, kann de Geriichtshaff och an enger "Grousser Chamber" zesummekommen, déi aus 13 Riichteren zesummegesat ass, heiansdo och a Chamberen zu 3 oder 5 Riichteren.
Dem Geriichtshaff zur Säit stinn 8 "Generolaffekoten", déi d'Schlussconclusioun ausschaffen a begrënnen, op Grond vun där d'Riichter hiert Uerteel fällen.
D'Riichter an d'Generolaffekoten ginn op 6 Joer vun hire respektive Länner ernannt; hiert Mandat kann ëm 3 Joer verlängert ginn.
1989 gouf d'Éischtinstanz-Geriicht geschaf, fir sech virun allem em Kloe vu Privatpersounen oder där, déi d'Konkurrenz tëscht Entreprisen zum Thema hunn, ze këmmeren. De Geriichtshaff an den Éischtinstanz-Geriichtshaff wielen op dräi Joer e President aus hirer Mëtt. Fir de Geriichtshaff ass dat de Vassilios Skouris; fir den Eischtinstanz-Geriichthaff 2006 bis 2009 de Marc Jaeger.
Aufgaben [änneren]
Déi 4 heefegst Zorte vu Prozeduren, mat deenen de Geriichtshaff ze dinn huet, sinn:
- Demande ëm eng Virop-Entscheedung ("renvoi préjudiciel"):
Wann eng national Geriichtsinstanz Zweiwelen huet, wéi d'europäescht Recht auszeleeën ass oder wéiwäit et unzewenden ass, kann se (a muss se heainsdo) en Avis vum Europäesche Geriichtshaff ufroen. Dësen Avis gëtt d'Geriicht a Form vun engem "Arrêt préjudiciel". D'ofschléissend Uerteel am Fall selwer gëtt dann awer vum nationale Geriicht gesprach.
- Kloe géint Infractioune vun den Traitéen ("recours en manquement"):
Dës Kloe kënne vun der Europäescher Kommissioun agereecht ginn, wa si fënnt, datt e Memberstaat senge Verflichtungen, déi en duurch den europäeschen Droit huet, net nokënnt, z. B., wann en eng Direktiv net oder falsch an d'nationaalt Recht ëmgesat huet. Och d'Memberstaate kënnen esou eng Klo géint en anere Memberstaat maachen. Am Fall vun engem Uerteel géint e Memberstaat muss deen d'Ëmstänn, déi zur Klo gefouert hunn, direkt änneren.
- Kloen, wann e Gesetz géint d'EU-Recht verstéisst ("recours en annulation"):
Wann eng Privatpersoun, e Memberstaat, de Conseil, d'Commissioun oder d'Europäescht Parlament der Meenung sinn, e bestëmmte Rechtsakt vun der EU wier illegal, kënnen se d'Geriicht uruffen, fir datt dat en annuléiert.
- Kloe géint d'Näischtmaachen ("recours en carrence"):
Duerch den Europäeschen Traité sinn d'Europäescht Parlament, de Conseil an d'Commissioun derzou verflicht, ënner gewëssen Ëmmstänn bestëmmten Decisiounen ze huelen. Wann se dat net maachen, kënnen d'Memberstaaten, déi aner Organer, oder (ënnert bestëmmte Conditounen) Eenzelpersounen oder Enterprisen de Geriichtshaff uruffen, datt e soll feststellen, datt dëst Näischt-maachen net rechtens anss.
Wéi eng Affaire ofleeft [änneren]
Wann eng Plainte bis enregistréiert ass, gëtt se engem Riichter an engem Generolaffekot zougedeelt. D'Prozedur, déi dann uleeft, besteet aus engem schrëftlechen an engem mëndlechen Deel.
Bei der schrëftlecher Prozedur deelen d'Parteie schrëftlech hir Vuë mat, wouropshin de Riichter e Rapport mécht, an deem en dës Declaratiounen an de rechtleche Kader zesummefaasst. Op Basis vun deem Rapport schafft de Generolaffekot seng Conclusiounen aus. Des Conclusiounen hëllefen dem Riichter, en Uerteelsprojet auszeschaffen, deen en deenen anere Riichteren iwwermëttelt.
Dono kënnt den zweeten Deel, déi mëndlech Verhandlung. Dës ass am Prinzip virun der "grousser Chamber", kann awer och, je no Bedeitung a Complexitéit vun der Affaire, viru manner Riichter (3 oder 5) oflafen. Hei kënnen d'Affekote vun de Parteien de Riichter an dem Generolaffekot hir Argumenter duerleeën, an dës kënne Froe stellen. Dono presentéiert de Generolaffekot seng Conclusioune, wouropshin d'Riichter iwwer d'Uerteel deliberéieren an et da verkënnegen. Den Uerteelssproch gëtt mat enger Majoritéit geholl. Wann net all Riichter enger Meenung waren, gëtt dat net gesot.
Wichteg Geriichtsentscheedungen [änneren]
Dee wuel wichtegsten Arrêt vum Europäesche Geriichtshaff ass deen an der Affaire "Van Gendt und Loos" vun 1967. Hei gouf fir d'éischt festgehalen, datt d'Memberstaaten sech fräiwëlleg enger Communautéit mat enger eegener Rechtsuerdnung ënnerworf hunn an dofir och en Deel vun hirer Souverainitéit ofginn hunn - e Fait, deen deen een oder anere Politiker an de Memberstaate nawell gär vergësst.
D'Gebaier [änneren]
D'Gebaier, an deenen de Geriichtshaff ënnerbruechrt ass, si mat der Zuel vun de Memberstaate vun der EU, an domat der Zuel vu Fäll déi behandelt ginn, an dem Personal, dat dofir gebraucht gëtt, gewuess.
Den 'alen' Deel, no baussen hinn u senger markanter Stolkonstruktioun ze erkennen, gouf 1972 gebaut a gouf tëscht 2000 an 2009 komplett entkäert a restauréiert, ë. a. fir dem Asbest lass ze ginn, deen deemools verschafft gi war. Dora si 5 Säll fir d'Geriichstverhandlungen, all mat Dolmetscherkabinnen a Plaz fir d'Publikum. Dee gréissten dovunner, d'Grande salle d'audience, huet 23 Dolmetscherhaisercher a bitt 300 Virwëtzege Plaz. Ausserdeem gëtt et do Raim fir Konferenzen, fir d'Press a fir Visiteursgruppen.
Am Gebai ronderëm, dat op 2 Stäck ausgeluecht ass, hunn déi 27 Riichter, déi 8 Avocat-généralen an hir allkéiers 6 Mataarbechter hir Büroen.
Dës am ganzen 10.000 m² goufen Enn 2008 méi wéi verduebelt, wéi déi zwéin 107 m héich Tierm, mat je 25 Stäck, déi ëstlech vum Haaptgebai gebaut goufen, a Betrib geholl goufen. Dora si virun allem déi ronn 1000 Iwwersetzer installéiert. Déi Tierm hunn vun 350 Mio. Euro kascht.
Tëscht den Tierm an deenen anere Gebaier ass eng Bibliothéik (déi op ass fir de Public), eng Kantinn a Formatiounssäll.
Soss [änneren]
Den Europäesche Geriichtshaff dierf net verwiesselt gi mam Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter. Deen huet säi Sëtz zu Stroossbuerg, an ass en Organ vum Europarot.
Um Spaweck [änneren]
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |
| Commons: European Court of Justice – Biller, Videoen oder Audiodateien |