Europäesche Wels

Vu Wikipedia
Europäesche Wels
E Wels

E Wels
E Wels
Aner Sproochen: fr: silure glane
de: Europäischer Wels, Flusswels
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Klass: Schankefësch
Uerdnung: Welsaarteg Fësch
Famill: Echt Welsen (Siluridae)
Gattung: Silurus
Wëssenschaftlechen Numm
Silurus glanis
L., 1758

Den Europäesche Wels (Silurus glanis), meeschtens einfach Wels genannt, ass e Fësch aus der Famill vun den Echte Welsen (Siluridae). Mat enger Längt vu bis zu 5 Meter ass et dee gréisste Séisswaasserfësch an Europa.

De Wels ass virun allem aktiv an der Nuecht an an der Dämmerung. E frësst lieweg an doudeg Fësch, Wierm, Muschelen, Schleeken a Kriibsen, awer och emol kleng Waasservigel a Mamendéieren.

De Wels ass ursprénglech vu Mëttel- an Osteuropa bis Zentralasie verbreet, wou e virun allem a mëttelgrousse bis grousse Flëss a Séie mat schlammegem Fong lieft. Et fënnt een en awer och a schwaach salzege Bannemierer, sou am Kaspesche Mier, an de Brackwaasserberäicher vum Baltesche Mier an am Schwaarze Mier.

Reproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

De Wels läicht vu Mee bis Juli an der Vegetatioun am flaache Waasser. De Männche grueft do eng Kaul, an déi d'Weibchen eng 130.000 bis 470.000 Eeër ofleet. De Männche bewaacht d'Eeër, bis déi jonk Fësch no 2 bis 3 Deeg schlüpfen. Geschlechtsräif gëtt de Wels mat 4 bis 5 Joer. E ka bis zu 15 Joer al ginn.

Ekonomesch Wichtegkeet[änneren | Quelltext änneren]

De Wels gouf schonn an der Antiquitéit gefaange fir giess ze ginn. Haut ass e virun allem an Osteuropa, wou en ëmmer méi an der Aquakultur geziicht gëtt, vun ekonomescher Wichtegkeet. Och a Frankräich gëtt e fir d'Kiche geziicht, dat mat zirka 200 Tonne pro Joer.[1]

Seng Eeër gi wéi Kaviar giess.

A Mëttel- a Westeuropa ass de Wels virun allem bei de Sportfëscher beléift, wou en dowéinst an enger Rëtsch Géigenden, z. B. an England, a ganz Frankräich, Tunesien an Algerien, ausgesat gouf, wou e virdrun net gelieft huet.[1]

Verbreedung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

A sengem Gedicht iwwer d'Musel (Mosella) vun 371 huet den D.M. Ausonius 14 Fëschaarte genannt, déi hien aus der Musel kannt huet, a wouvun der 12 mat haut bekannten Aarte kënnen identifizéiert ginn. Eng vun deenen zwou aneren Aarte gouf vun de Latiniste[2] mam Wels identifizéiert. Vun de Biologen[3] gëtt déi Aart awer mam Mierstär (Acipenser sturio) gläichgesat, wat méi plausibel ass, well de Mierstär am 18. an 19. Joerhonnert aus der Musel an der Sauer bekannt war, de Wels awer eréischt no 2000 do nogewise gouf.[4]

Rezent Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Virun 1996 gouf de Wels net zu Lëtzebuerg nogewisen an och bei enger systematescher Ënnersichung an de Joren 1996/1997 gouf kee Wels gefaangen.[4]

Bei Ënnersich am Joer 2005 goufen am Ganze véier erwuesse Welsen, déi bis zu 1,25 m laang waren, an der Musel gefaangen, dat ënnerzeg vun de Staustufe Gréiwemaacher-Wellen, Stadbriedemes-Palzem an Schengen-Opech. Brutt oder jonk Welse goufen awer net fonnt, eng Reproduktioun an der Musel konnt also net nogewise ginn.[4]

2005 goufen och Welsen an der Sauer gefaangen: 30 Individuen, déi op zwou Gréissteklasse verdeelt waren, flossofwäerts vum Staudamm zu Rouspert. Doraus ka geschloss ginn, datt flossopwäerts d'Aart sech an der Sauer reproduzéiert.[4],[5]

2012 gouf an der Press de Fank vun engem adulte Wels an der Musel zu Wuermer gemellt.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Am Allgemengen[änneren | Quelltext änneren]

  • Keith, P. et al. (coord.), 2011. Les Poissons d'eau douce de France. Collection Inventaire & Biodiversité. Biotope - Muséum national d'histoire naturelle. 552 p. [p. 379-380: Silure glane]
  • Maitland, P.S. & K. Linsell, 2007. Süßwasserfische. Alle Arten Europas gezeichnet. 272 S. Kosmos Naturführer. Kosmos Verlag. [Aktuellt Standardwierk fir d'Fësch an Europa].
  • Mille, P.J. et al., 1997. Fish of Britain & Europe. Collins Pocket Guide. HarperCollins Publishers. 288 p. [Wels catfish: p. 120].

Am Zesummenhank mat Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

  • Ausonius, D.M., 371. Mosella. [Op Laténgesch. Fir eng Iwwersetztung op Lëtzebuergesch, cf. Robert Bruch 1959].
  • Bruch, R., 1959. Dem Decimus Magnus Ausonius seng Rees op d'Musel. - In: MOSELLA. Eis Musel zur Réimerzéit, S. 11-70. Schwéidsbeng. [Cf. och d'Editioun aus dem Joer 1960, 64 S.; mat engem Vierwuert vum Tony Bourg an Illustratioune vum Ben Heyart].
  • Hehenkamp, A, 2006. Aalschutzinitiative Luxemburg: Befischungen am Wasserkraftwerk Rosport, 2005/2006. Administration de la gestion de l'eau, Lëtzebuerg.
  • jvdh, 2012. 1,25 Meter langer Wels geangelt. Riesenfang für zwei Fischer in Wormeldingen. Luxemburger Wort vum 8. August 2012, S. 19.
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1993. Initiation à l'écologie. Ministère de l'Education nationale ED/ES 133-01, 297 S.
  • Troschel, H.J., 2010. Fische in Luxemburg. Kartierung der Fische, Neunaugen und Flusskrebse des Großherzogtums Luxemburg. 2. erweiterte und aktualisierte Auflage. Versioun an däitscher Sprooch, erausgi vun der Administration de la gestion de l'eau, Lëtzebuerg. Imprimerie Fr. Faber, Miersch. 213 S. Mat enger DVD an däitscher Sprooch. ISBN 978-2-991989-713-1. [Am Buch steet kee Publikatiounsjoer].
  • Troschel, H.J., 2010. Les poissons au Luxembourg. Cartographie des poissons, lamproies et écrevisses du Grand-Duché de Luxembourg. 2e édition étendue et mise à jour. Versioun a franséischer Sprooch, erausgi vun der Administration de la gestion de l'eau, Lëtzebuerg. Imprimerie Fr. Faber, Miersch. 213 S. ISBN 978-2-991989-714-8. Mat enger DVD a franséischer Sprooch. [Am Buch steet kee Publikatiounsjoer].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europäesche Wels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Les Poissons d'eau douce de France 2011, S. 379-380.
  2. Cf. Bruch 1959
  3. Cf. J.A. Massard & G. Geimer 1993
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Troschel 2010
  5. Hehenkamp 2006
  6. LW vum 8.8.2012, mat Foto. De Fësch war 1,25 m grouss a säi Gewiicht gouf op 12 bis 15 kg geschat. Déi zwéi Fëscher hunn e gläich drop erëm an d'Musel zeréckgesat.