Europäeschen Hues

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Europäeschen Hues
En Hues
En Hues
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Lagomorpha
Famill: Huesen (Leporidae)
Gattung: Echt Huesen (Lepus)
Aart: Europäeschen Hues
Wëssenschaftlechen Numm
Lepus europaeus
Pallas 1778
En Europäeschen Hues
En Hues, geduckt a senger Kaul, mat ugeluechten Oueren

Den Europäeschen Hues (Lepus europaeus) ass e Mamendéier aus der Famill vun den Huesen (Leporidae).

Verbreedung (rout = ursprénglech / mof = agebiergert)

E kënnt a groussen Deeler vu Europa vir (Ausname sinn de Süde vun der Iberescher Hallefinsel, Süditalien an grouss Deeler vu Skandinavien) bis eriwwer an de Südweste vu Sibirien an den Nordweste vun der Mongolei, a lieft an oppenen an hallefoppenene Landschaften. Vun Europa aus gouf en och an Nord- a Südamerika, an an Deeler vun Afrika an Australien agefouert, fir dann do kënne gejot ze ginn.

An Europa sinn zënter den 1960er Joren, wéinst ëmmer méi intensiver Landwirtschaft an dem Asaz vun Dünger a Pestiziden, seng Zuelen, deelweis staark, réckleefeg.

Ausgesinn[änneren | Quelltext änneren]

Huese gi vu Kapp bis Hënner ronn 40 bis 60 cm laang, de Schwanz huet 62–133 mm, déi hënnescht Patten 10-19 cm, an d'Ouere ginn 8–13 cm laang. Ausgewues weien d'Huesen 2,5–6,4 kg.

De Pelz ass um Réck variabel gielzech-gro, ockerbrong oder brongrout mat giele Schattéierungen an hei an do dënne schwaarze Putschen. Laanscht d'Säit ass en éischter raschtgiel oder roudelzeg brong. De Kapp, den Hals, d'Broscht an d'Bee sinn hellbrong, de Bauch ass crèmewäiss. D'Ouere si groelzech an hunn un der Sëtzt e schwaarzen, e bëssen dräieckege Fleck. De Schwanz ass uewendrop schwaarz, ënnendrënner wäiss.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

Den Europäeschen Hues ass virun allem nuets aktiv, soubal wéi et ufänkt, däischter ze ginn, am Fréijoer awer och alt daagsiwwer. Baussent der Verkoppelungszäit sinn d'Déieren Eenzelgänger a verbréngen den Dag geduckt an hirem Leeër, enger Kaul am Buedem, wou se net wibbelen a bei Gefor eréischt am leschte Moment fortlafen. Da kënne s'op enger kuerzer Distanz bis zu 70 km an der Stonn lafen a bis zu 2 m héich sprangen. Se erniere sech nëmme vu Planzen: Gréngs, mee och Knollen, Wuerzelen a Kären, an am Wanter och altt emol d'Schuel vu jonke Beem.

Fortplanzung an Alter[änneren | Quelltext änneren]

D'Männchercher zerklappe sech (se "boxen" mat de viischte Patten) ëm d'Weibercher. A Mëtteleuropa dauert d'Fortplanzungszäit vu Januar bis Oktober, d'Weibchercher kréien 3 bis 4 mol d'Joer 1–5, ausnahmsweis och alt 6 Jonker, déi se eng 42 Deeg droen. Déi Jonk hu wann s'op d'Welt kommen, schonn e Pelz a kënne gesinn; si weien 100–150 Gramm. Si ginn eng zweemol den Dag vun der Mamm geniert, soss si s'eleng. Deen héchste bekannten Alter, deen en Hues am Fräie kritt huet, ass 12,5 Joer; iwwer d'Hallschecht ginn awer emol net ee Joer al.

Den Hues a Fabelen, Literatur a Symbolik[änneren | Quelltext änneren]

Well e wäit verbreet ass, kënnt den Hues a Mäerercher, Fabelen a Riedewendunge vir ("Angschthues"). Mam Ee ass en e Symbol fir Ouschteren ("Ouschterhues"). Am Lëtzebuergeschen ass et och en Ausdrock vun Affektioun ("mäin Hues").

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • E. Schneider: Der Feldhase – Biologie, Verhalten, Hege und Jagd. BLV, München, 1978, ISBN 3-405-11770-4