Europäeschen Ombudsmann

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Europäeschen Ombudsmann (oder Mediateur) ass de Vermëttler tëscht den europäesche Bierger an den europäeschen Institutiounen. All Bierger, all Entreprise, a jiddereen, deen an engem EU-Land säi Wunnsëtz huet, ka bei him eng Plainte areechen, wann e fënnt, datt eng vun dësen Institutiounen net rechtméisseg oder net reglementär gehandelt huet.

Seng Funktioun gouf duerch den Traité iwwert d'Europäesch Unioun ("Traité vu Maastricht") 1992 agefouert. Den europäeschen Ombudsmann gëtt op fënnef Joer vum Europäesche Parlament gewielt. Zënter 2003 ass dat den Nikiforos Diamandouros.

Inhaltsverzeechnes

Seng Aufgaben [änneren]

  • Hien dréit derzou bäi, Fäll vu "schlechter Administratioun" an den Europäeschen Institutiounen an Agencen opzedecken. "Schlecht Administratioun" ass, wann eng europäesch Verwaltung entweder net gehandelt huet, wann s'eppes hätt misse maachen, oder dat, wat se gemaach huet, falsch gemaach huet.
Beispiller wieren: Ongläich Behandlung, Diskriminéierung, Muechtmëssbrauch, keng Informatioun ginn, net justifiéiert Verspéidung, oder d'net korrekt Applikatioun vu Prozeduren.
  • Den Europäeschen Ombudsmann an den europäeschen Institutioune Recommandatioune maachen, an dem Europäesche Parlament matdeele, wann et Problemer gouf, fir datt dëst déi néideg politesch Mesurë kann huelen.

Wéi kann een eng Plainte beim Mediateur maachen? [änneren]

Wann der Iech als Affer vun "schlechter Administratioun" (kuckt uewen) duerch en Organ oder eng Instanz vun der EU spiert, musst Der Iech fir d'éischt op normalem administrative Wee un dëst wennen, fir ze probéieren, esou d'Situatioun riicht gebéit ze kréien.

Wann dat net geléngt, kënnt der eng Plainte beim Mediateur areechen. Dëst däef net méi spéit wéi 2 Joer nodeems der vun dëser 'schlechter Administratioun' gewuer gouft, geschéien. An ärer Plainte musst der genee uginn, ween der sidd, an iwwer wat der iech beschwéiert. Dier kënnt froen, datt är Donnéeë vertraulech behandelt ginn. Eng wichteg Konditioun, fir datt är Plainte ka vum Ombudsmann behandelt ginn, ass, datt se (nach) net virun engem Geriicht agereecht ginn ass.

Méi genee Detailer fant der um Europäeschen Ombudsmann sengem Web-Site.

Wat geschitt dann? [änneren]

Den Europäeschen Ombudsmann mécht eng Enquête op. D'Europäesch Institutiounen mussen him all déi Informatiounen iwwert déi Saach, ëm déi et geet, liwweren, an him Zougank zu deenen Dossierë ginn.

Wann de Mediateur da feststellt, datt et sech effektiv ëm "schlecht Administratioun" gehandelt huet, informéiert en déi betraffen Institutioun doriwwer a mécht e Projet wat hie wëlles huet, ze recommandéieren. Dës Institutioun huet dann 3 Méint Zäit, fir dozou Stellung ze huelen an hir Meenung zu där Saach ze ginn.

Duerno mécht de Mediateur säin definitive Rapport fir d'Europäescht Parlament an déi betraffen Institutioun an informéiert deen, deen sech beschwéiert huet, iwwert d'Resultat vun senger Enquête.

D'Fäll, mat deenen en ze dinn hat, publizéiert de Mediateur all Joers an engem Rapport.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun.