Europäescht Parlament

Vu Wikipedia

D'Europäescht Parlament (oder Europa-Parlament) ass déi Institutioun vun der Europäescher Unioun (EU), déi an direkter a geheimer Wal demokratesch gewielt gëtt. Et vertrëtt deemno direkt déi 500 Milliounen EU-Bierger an hëlt Deel um legislative Prozess vun der EU: zesumme mam Conseil vun der Europäescher Unioun, an deem d'Memberstaaten duerch hir Ministere vertruede sinn, stëmmt et iwwer Gesetzesvirschléi of, déi d'Europäesch Kommissioun ausgeschafft huet.

Seng Aarbechtsweis[änneren | Quelltext änneren]

D'Membere vum Parlament, also d'Deputéiert, ginn zanter 1979 direkt vun de Bierger fir 5 Joer gewielt. President ass zanter Januar 2017 den Antonio Tajani.

Zanter de Wale vun 2014 gëtt et 751 Deputéiert (inkl. President). Hir Zuel pro Memberstaat hänkt of vun deem senger Awunnerzuel: Vun ë. a. Lëtzebuerg mat 6 bis hin zu Däitschland mat 96 Deputéierten.

Bis op 59 fraktiounslous Deputéiert, sinn all an enger vun dëse 7 Fraktioune vertrueden:

D'Europäescht Parlament hält seng Plenarsëtzungen zu Stroossbuerg, an all zousätzlech Sëtzungen zu Bréissel. All Deputéiert ass an engem oder méi vun de 17 Kommissiounen, déi, jee no den Theemen, d'Plenarsëtzung preparéieren. Si, wéi och déi verschidde politesch Gruppen, hunn hir Reunioune meeschtens zu Bréissel. D'Generalsekretariat vum Europäesche Parlament ass zu Lëtzebuerg.

Seng Pouvoiren[änneren | Quelltext änneren]

De Plenarsall am Europäesche Parlament zu Stroossbuerg

D'Europäescht Parlament an den Europäesche Conseil deelen d'legislativ Gewalt. Jee no Sujet gëtt et dräi Prozeduren, no deenen des Opdeelung geschitt:

  • Fir d'éischt gëtt et d'Prozedur vun der Zesummenaarbecht, déi an der Europäescher Eenheetsakt 1986 agefouert gouf. Dës gesäit vir, datt d'Parlament seng Meenung iwwer Gesetzesprojeten ausdréckt, déi d'Kommissioun proposéiert huet, an d'Kommissioun ännert doropshin hir Propose - oder och net.
  • Zweetens gëtt et d'Zoustëmmungsprozedur, déi och 1986 agfouert gouf. Ënner dëser Prozedur muss d'Parlament seng Zoustëmmung ginn bei internationalen Accorden, déi vun der Kommissioun ausgeschafft goufen, bei proposéierten Ausbreedunge vun der EU, a bei anere Sujeten, wéi z. B. der Ännerung vun de Walreegelen, fir datt dës a Kraaft kënnen trieden.
  • Déi drëtt ass d'Codecisiounsprozedur, déi duerch den Maastricht-Vertrag agefouert gouf. Ënner dëser Ofstëmmungsprozedur huet d'Parlament geneesouvill ze soe wéi de Conseil. D'Sujeten, déi ënner dëser Prozedur ofgestëmmt musse ginn, reeche vun der fräier Zirkulatioun vun den Aarbechter, iwwer de Bannemaart, Ëmwelt, Bildung an Erzéiung, Kultur, Transeuropäesch Reseauën bis hin zum Konsumenteschutz. Konkreet bedeit dat, datt d'Parlament mat absolutter Majoritéit dem Conseil seng 'Gemeinsam Positioun' ka blockéieren. An deem Fall gëtt probéiert, virun engem Conciliatiounscomité eng Léisung ze fannen. An den Traitéë vun Amsterdam an Nice gouf dës Prozedur op weider 30 Gebidder ausgespreet, wat bedeit, datt d'Parlament no an no ëmmer méi Pouvoire kritt.

D'Parlament an de Conseil deelen och d'Responsabilitéit iwwer d'Adoptioun vum Budget vun der EU: D'Europäesch Kommissioun mécht e Budgetsprojet, deen am Parlament a Conseil debattéiert gëtt. D'Parlament kann de Budget rejetéieren - wat scho méi wéi eemol virkoum; an deem Fall muss déi ganz Prozedur vu vir ugefaange ginn. Deemno huet d'Parlament d'Méiglechkeet, ze beaflossen, wat fir Sue woufir ausgi ginn. Allerdéngs geet bal d'Hallschent vum EU-Budget un d'Landwirtschaft, an iwwer déi Depensen huet d'Parlament näischt ze soen.

Schliisslech huet d'Parlament d'Kontroll iwwer d'Kommissioun: D'Kommissioun muss d'Vertraue vum Parlament hunn, éier s'iwwerhaapt ufänke ka mat schaffen, a mat enger Zweedrëttel-Majoritéit kann d'Parlament s'och erëm fréizäiteg entloossen. D'Parlament kontrolléiert weiderhin, op d'Kommissioun hir Aarbecht gutt mécht, andeems et d'Rapporte vum Europäesche Rechnungshaff examinéiert, an et kann der Kommissioun, wéi och dem Conseil, mëndlech oder schrëftlech Froe stellen.

Seng Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Presidente vum Europaparlament (direkt gewielt) vun 1979 bis haut[änneren | Quelltext änneren]

Legislatur Period Numm Grupp Land
1. 1979-1982 Simone Veil LDR Frankräich
1982-1984 Piet Dankert Sozialist Holland
2. 1984-1987 Pierre Pflimlin UDF/RPR Frankräich
1987-1989 Lord Plumb EVP-ED Groussbritannien
3. 1989-1992 Enrique Barón Crespo Sozialist Spuenien
1992-1994 Egon Klepsch EVP-ED Däitschland
4. 1994-1997 Klaus Hänsch PSE Däitschland
1997-1999 José Maria Gil Robles EVP-ED Spuenien
5. 1999-2002 Nicole Fontaine EVP-ED Frankräich
2002-2004 Pat Cox ELDR Irland
6. 2004-2007 Josep Borrell Fontelles PSE Spuenien
2007-2009 Hans-Gert Pöttering EVP-ED Däitschland
7. 2009-2012 Jerzy Buzek EVP-EP Polen
2012-2014 Martin Schulz ESP Däitschland
8. 2014-2016 Martin Schulz ESP Däitschland
2017-2019 Antonio Tajani EVP Italien
9. 2019-2021 David Sassoli ESP Italien
2021-

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: European Parliament – Biller, Videoen oder Audiodateien