Europastrooss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Europastroosse sinn eng Klass vu Stroosse fir Verkéier op groussen Distanzen.
Europastroosse gëtt et an Europa, an an Zentral- a Klengasien
D'Stroossennetz vun den Europastroossen ëmfaasst ronn 50.000 Kilometer, a si sinn duerch e wäissen E mat engem Numero hannendrun op gréngem Fong gezeechent.
A verschiddene Länner stinn d'Panneaue vun den Europastrossen nieft deene vun den anere Stroossen, an an anere Länner wéi z.B. a Schweden, sinn déi grouss Nationalstroosse fir internationalen Trafic nëmme mat engem Europastroosseschëld gezeechent.
Et gëtt ongeféier 210 Europastroossen .
| Commons: International E-road network – Biller, Videoen oder Audiodateien |