Europastrooss E29
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| E 29
|
|||||||||
| Stied op der Streck vun der E 29 | |||||||||
|
|||||||||
D'Europastrooss E29 geet vu Köln iwwer Lëtzebuerg op Sarreguemines, a si ass 323 Kilometer laang.
Hiren Trajet a Lëtzebuerg [änneren]
D'E29 kënnt zu Iechternach iwwer d'Sauerbréck a Lëtzebuerg eran (wou se vun der B 257 aus Richtung Iechternacherbréck hir kënnt). Dono leeft se 28 km iwwer d'N 11 bis bei den Uschloss un d'Autobunn A7 um Waldhaff. No knapps 2 km hält d'A7 op, an d'E29 geet eng 10 km iwwer de Süd-Ost-Contournement vun der Stad Lëtzebuerg op der A1.
Um Gaasperecher Kräiz fiert d'E29 dann op d'A3 a Richtung Süden, fir dann, no 9 km, um Hellenger Kräiz op d'A13 a Richtung Osten ze goen. No 22 km bei Schengen/Perl un der Musel geet d'E29 nees iwwer de Viaduc vu Schengen iwwer d'Grenz an Däitschland, wou et iwwer d'A8 virugeet.
| Commons: E29 – Biller, Videoen oder Audiodateien |