European Broadcasting Union
D' European Broadcasting Union, EBU; (fr: Union Européenne de Radio-Télévision, de: Europäische Rundfunkunion) ass en Zesummeschloss vun zur Zäit 74 Radiossenderen a 56 Staaten vun Europa, Nordafrika an am Noen Osten mat Sëtz zu Genf.[1]
Dobäi kommen nach ongeféier hallef sou vill associéiert Sender aus der ganzer Welt.[2]
President vun der EBU ass den Intendant vum frankophone belsche Sender RTBF, Jean-Paul Philippot. Vizepresident ass de Claudio Cappon vum italienesche Sender RAI. Haaptamtleche Generaldirektesch vun der EBU ass d'Schwäizerin Ingrid Deltenre, di fréier Direktesch vum Schwäizer Fernsehsender.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
D' EBU gouf den 12. Februar 1950 op enger Konferenz zu Torquay (Groussbritannien) mam Zil gegrënnt, en Netzwierk fir den Austausch vu Noochrichtefilmer opzebauen. Des Weideren soll d' EBU déi technesch Entwecklungen am Radio- a Fernsehberäich virun dreiwen a standardiséieren. Grënnungsmembere waren 23 Radiossender aus Europa an dem Mëttelmierraum.
Am Joer 1953 huet d' EBU d'Kréinung vun der englescher Kinnigin Elisabeth II. als éischt international Livesendung iwwerdroen. Déi éischt „offiziell“ Eurovisiounssendung war d'Iwwerdroung vum Narzissefestival 1954 vu Montreux. 1956 war d' Ausstrahlung vum éischten Eurovision Song Contest.
1993 huet sech d' EBU mat hirem osteuropäesche Pendant OIRT zesummegeschloss.
Am November 2011 huet Andorra wéinst finanzielle Schwieregkeeten seng Memberschaft gekënnegt.[3] Et ass nach net genee bekannt wéini d'Memberschaft vum Land eriwwer ass.
Aktivitéiten [änneren]
Radio [änneren]
1991 gouf op Demande vun der EBU d'Héierspill Das Treffen in Valladolid vum briteschen Auteur Anthony Burgess (A Clockwork Orange) vun all de Memberslänner an hirer jeweileger Sprooch produzéiert an zäitgläich vun alle Senderen iwwerdroen.[4]
Fernseh [änneren]
Déi bekanntst Produktioun vun der EBU ass den Eurovision Song Contest deen all Joer am Fréijoer iwwerdroe gëtt. Produzéiert gëtt e vun dem Sender aus deem Land dat am Joer virdru gewonn huet.
Vun 1965 bis 1999 ass vun der EBU d'Sendung Spiel ohne Grenzen iwwerdroe ginn. Doriwwer eraus produzéiert se an eegener Regie de Concours Eurovision Young Dancers an nach verschidde Kannerprogrammer an Dokumentarfilmen.
D' EBU bedreiwt och en eegene Satellitekanal, iwwer deen d'Members-Sender sech géigesäiteg eegent (Video-)Material zur Verfügung stellen.
Aktiv Memberen [änneren]
Déi meeschte Voll-Membere si Senderen déi dem Staat gehéieren oder et si privat Radiosstatioune mat engem ëffentlechen Informationsoptrag.
Referenzen [änneren]
- ↑ Memberslëscht, Mee 2011 (PDF, 759 KiB)
- ↑ D'Informatiounen op der offizieller Websäit schwanken: 35 no der Informatioun op [1], 36 duerch Nozielen dovun, 43 laut [2] (ofgeruff 2. August 2010)
- ↑ http://eurovision.blog.ndr.de/2011/11/14/nachruf-auf-ein-tapferes-land/
- ↑ Deutschlandfunk, Das Hörspiel, 11. Februar 2012. In: dradio.de (12. Februar 2012)