European Extremely Large Telescope

Vu Wikipedia
Verglach vun enger Studie zum 39-m E-ELT mat engem Unit Telescope vum Paranal-Observatoire mat 8,2 m Spigel-Duerchmiesser
“Owes- Panoramabild“ vum Cerro Armazones (Chile), déi am Abrëll 2010 ausgewielt Standplaz fir den European Extremely Large Telescope

D'European Extremely Large Telescope (E-ELT), kuerz Extremely Large Telescope (ELT), ass de Virschlag vum Europäeschen Observatoire (ESO) fir en neit optescht Teleskop vun der nächster Generatioun. Et soll en Haaptspigel mat 39,3 Meter Duerchmiesser ginn, deen aus knapps 1000 sechseckege Spigelelementer zesummegesat ass. Viraussiichtlech gëtt de Bau am Joer 2018 ofgeschloss.

D'Pläng sinn am Ament an enger dräijäereger Phas (Phas B), déi am Dezember 2006 vun der ESO ugeholl gouf. E wichtegen Deel vun der Phas ass d'Aarbecht an engem Basis-Design fir d'Teleskop (Baseline Reference Design: BRD), deem seng drëtt Versioun Enn 2008 an Aarbecht war. D'Phas ass mat 57,3 Mio € finanzéiert. D'Kontroll vum finalen Design war vum 21. - 24. September 2010. De Betribsufank gëtt fir 2018 erwaart.

D'ESO huet hir Pläng zu Gonschte vun dësem Teleskop geännert, well den ufanks geplangten Overwhelmingly Large Telescope (OWL mat 100 Meter, ongeféier fir 2030) no enger Studie iwwer eng Milliard Euro kascht hätt a fir déi aktuell technesch Méiglechkeeten ze komplex wier. Eng aner, méi wäit an d'Zukunft reechend Virstudie betrëfft e 50-m-Spigelteleskop EURO 50, gouf och zu Gonschte vum E-ELT fale gelooss.

Standplaz[änneren | Quelltext änneren]

Als Standplaz koum ënner anerem Argentinien, Chile, Marokko, Spuenien (La Palma), Südafrika, Tibet, Grönland an d'Antarktis a Fro. Intensiv ënnersicht goufe virun allem déi éischt véier Méiglechkeeten.[1] De 26. Abrëll 2010 gouf Cerro Armazones, e Bierg mat enger Héicht vun 3060m als Standplaz fir den E-ELT fixéiert.[2] Cerro Armazones läit an der chileenescher Atacamawüst, ronn 130 km südlech vun der Stad Antofagasta an nëmmen 20 km ewech vun Cerro Paranal, der Standplaz vum Very Large Telescope (VLT). Duerch d'Noperschaft zum VLT kann e groussen Deel vun der noutwendeger Infrastruktur kollektiv gebraucht ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: European Extremely Large Telescope – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2009-09-24. Gekuckt de(n) 2012-08-07.
  2. http://www.eso.org/public/news/eso1018/