European Southern Observatory
D'Europäesch Organisatioun fir astronomesch Fuerschung an der südlecher Hemispher oder a Kuerzform Europäesche Südobservatoire, ESO, ass en europäescht Fuerschungsinstitut, dat Teleskopen a Südamerika bedreift.
Inhaltsverzeechnes |
Entdeckungen [änneren]
D'Observatiounsariichtunge vun der ESO hunn der Astronomie zu villen Entdeckunge verhollef an mat derzou bäigedroen e puer Lëschte mat astronomesche Katalogen opzestellen.
Ënner anerem gouf vun ESO-Observatoiren de Gammablëtz entdeckt deen am wäitste vun ons ewech ass, souwéi Beweiser fir d'Existenz vun engem Schwaarze Lach am Zenter vun eiser Mëllechstrooss fonnt.
Am Joer 2004 konnt mat Hëllef vum Very Large Telescope (VLT, engl. ganz grousst Teleskop) dat éischt Bild vun engem extrasolare Planéit (2M1207 b) opgeholl ginn. Zënterhier konnte mat dem Spektrograph HARPS nach weider extrasolar Planéiten entdeckt ginn.
Mat dem VLT gouf och déi Galaxis entdeckt déi am wäitste vun ons ewech ass, d'Abell 1835 IR1916.
Observatiounsplazen [änneren]
An der chilenescher Atacamawüst bestinn ausgezeechent klimatesch Bedingunge fir astronomesch Observatiounen, eng dréchen Atmosphär a wéineg Loftstréimungen. Aus deem Grond hat d'ESO déi Plaz fir hir Ariichtunge gewielt:
- De La-Silla-Observatoire um 2.400 m héije Bierg La Silla,
- de Paranal-Observatoire um 2.635 m héijen Cerro Paranal,
- an d'Atacama Pathfinder Experiment (APEX) an d'Atacama Large Millimeter Array (ALMA) um Llano de Chajnantor.
D'Zentral vun der ESO mat hirer Verwaltung an Entwécklung ass zu Garching bei München.
Installéiert Teleskopen an Instrumenter [änneren]
Dat am Moment bekanntsten Teleskop vun der ESO ass de Very Large Telescope (VLT) am Paranal-Observatoire, Et besteet aus 4 „Unit Telescopes“ mat engem Haaptspigelduerchmiesser vun 8,2 m. Véier weider Hëllefsteleskope mat engem Spigelduerchmiesser vun 1,8 m goufe speziell fir Interferometrie entwéckelt. Si sinn domat e wichtege Bestanddeel vum VLTI (VLT Interferometer), mat deem sech e puer Teleskopen zesummeschalte loossen, fir nach méi genee Observatiounsresultater ze kréien.
Derniewent gëtt et am La-Silla-Observatoire nach dräi Teleskope mat Haaptspigelduerchmiesser vun 1 m bis 3,6 m. Do steet zum Beispill och dat Schwäizer Geneva-1.2 m-Teleskop, dat reng fir d'Sich no Exoplanéite gebraucht gëtt.
Op dem iwwer 5.000 m héije Plateau vum Llano de Chajnantor ass zur Zäit d'Atacama Pathfinder Experiment (APEX) installéiert.
Zukünfteg Teleskopen an Instrumenter [änneren]
Momentan gëtt op dem Llano de Chajnantor zesumme mat aneren Organisatiounen aus den USA a Japan de Mikrowellen-Interferometer ALMA opgeriicht.
Fir d'Zukunft plangt d'ESO schonns un engem 30 m bis 60 m-Spigelteleskop mat dem Aarbechtsnumm European Extremely Large Telescope (E-ELT). Déi aktuell (2009) favoriséiert Planungsvariant baséiert op engem 42 m-Spigel mat adaptiver Optik, déi géigeniwwer den Teleskope vum VLT déi honnertfach Empfindlechkeet bidde soll. D'Entscheedung iwwer d'Plaz soll 2010 geschéien.
Geschicht [änneren]
D'Organisatioun gouf am Joer 1962 gegrënnt [1], fir europäeschen Astronomen Observatiounsméiglechkeeten um Südstärenhimmel ze verschafen. 1980 ass d'ESO vun hirem deemolege Sëtz zu Genf op Garching bei München geplënnert. Dat haitegt Gebai ass e Geschenk vun der däitscher Bundesrepublik. Wéi den CERN ass d'ESO als internationaalt Institut net e Sujet vun nationaler Rechtsspriechung mä huet e quasi-diplomatesche Status. Zudeem gëtt et Statiounen am Chile, ee grousse Bürokomplex zu Santiago, an zwéi kleng regional Büroen zu Antofagasta a La Serena. Dozou kommen déi uewen beschriwwen Observatoiren.
Memberstaaten [änneren]
D'ESO huet 14 Memberstaaten:
Belsch,
Däitschland,
Frankräich,
Holland,
Schweden,
Dänemark (zënter 1967),
Italien (zënter 1982), ![]()
Schwäiz (zënter 1982),
Portugal (zënter 2001),
Groussbritannien (zënter 2002),
Finnland (zënter 1. Juli 2004),
Spuenien (zënter 2006),
Tschechesch Republik (zënter 1. Januar 2007) an
Éisträich (zënter 1. Juli 2008)[2].
D'Gaaschtnatioun vun den Observatoiren, Chile, ass net Member, déi chilenesch Astronomen hunn awer d'Méiglechkeet och do ze schaffen.
Generaldirektere vun der ESO [änneren]
- Otto Heckmann 1962–1969
- Adriaan Blaauw 1970–1974
- Lodewijk Woltjer 1975–1987
- Harry van der Laan| 1988–1992
- Riccardo Giacconi (Nobelpräisdréier) 1993–1999
- Catherine Cesarsky 1999-2007
- Tim de Zeeuw vu 2007 un
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Einzelnachweise [änneren]
- ↑ Übereinkommen zur Gründung einer Europäischen Organisation für Astronomische Forschung in der Südlichen Hemisphäre
- ↑ http://www.astronews.com/news/artikel/2008/07/0807-002.shtml
| Commons: European Southern Observatory Images – Biller, Videoen oder Audiodateien |