European Union Prize for Literature

Vu Wikipedia

Den European Union Prize for Literature ass e Literaturpräis, deen zanter 2009 vun der Europäescher Kommissioun (EU Kulturprogramm), der Fédération des libraires européens, der Fédération des associations européennes d'écrivains an der Fédération des éditeurs européens vergi gëtt fir nei Talenter ze wierdegen an d'Diffusioun vun hire Bicher an aneren europäesche Länner z'encouragéieren, an domat d'literaresch a d'kulturell Diversitéit an Europa z'ënnersträichen.

Bannent 3 Joer soll sou aus all Land vun deene 35, déi matmaachen, een Auteur zu Éiere kommen.

Ënner den 11 Laureaten 2010 war de Jean Back fir säi Wierk Amateur[1].

2013 war den Tullio Forgiarini de Lëtzebuerger Laureat, fir säi Roman Amok, Eng Lëtzebuerger Liebeschronik[2].

Am Abrëll 2016 krut de Gast Groeber de Präis fir säi Buch All Dag verstoppt en aneren[3].

De 6. November 2018 goufen zu Wien déi zwee Lëtzebuerger Jean Back a Gast Groeber ex aequo mam Präis vun den Europadeputéierte ausgezeechent[4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "L'auteur Jean Back lauréat luxembourgeois du Prix européen de la littérature." luxembour.public.lu, 06-10-2010.
  2. "Europäesche Literaturpräis 2013 fir den Tullio Forgiarini." RTL.lu - 27.09.2013, 10:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.09.2013, 16:28.
  3. Gast Groeber erhält Europäischen Literaturpreis op wort.lu vum 5. April 2016
  4. European Prize of Literature - Jean Back a Gast Groeber zu Wien ausgezeechent op rtl.lu de 6. November 2018