Eurovision Song Contest 1960

Vu Wikipedia
5. Eurovision Song Contest
Datum 29. Mäerz 1960
Stad London (Groussbritannien)
Gebai Royal Festival Hall
Gewënner Jacqueline Boyer (Frankräich)
Zuel vu Länner 13
Nei Participatiounen Norwegen
Moderatioun Katie Boyle
Interval Act Eric Robinson Orchester
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.
Royal Festival Hall, London

De 5. Eurovision Song Contest (offiziell den Eurovision Song Contest Grand Prix), war den 29. Mäerz 1960 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Royal Festival Hall zu London. Presantatrice war d'Katie Boyle. D'Eurovision ass zu London organiséiert ginn, obwuel am Fong Holland un der Rei gewiescht wier well et dat Joer virdru gewonnen hat. Well d'Hollänner awer net sou kuerz hannerenee wollten d'Organisatioun iwwerhuelen, ass decidéiert ginn de Grand Prix zu London ofzehalen.

Eng nei Natioun, Norwegen, war derbäikomm. Lëtzebuerg hat dat Joer och nees matgemaach, nodeem et dat Joer virdrun eng Paus ageluecht hat. D'Zuel vun de Länner ass dofir op 13 eropgaangen.

Et gouf ofgestëmmt wéi déi Jore virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Cannes iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Frankräich, d'Jacqueline Boyer mat 7 Punkte Virsprong virum Bryan Johnson (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut de François Deguelt, dee fir Monaco ugetruede war.

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Frankräich Jacqueline Boyer Tom Pillibi 32
2. Groussbritannien Bryan Johnson Looking High, High, High 25
3. Monaco François Deguelt Ce soir-là 15
4. Norwegen Nora Brockstedt Voi voi 11
4. Däitschland Wyn Hoop Bonne nuit, ma chérie 11
6. Belsch Fud Leclerc Mon amour pour toi 9
7. Éisträich Harry Winter Du hast mich so fasziniert 6
8. Schwäiz Anita Traversi Cielo e terra 5
8. Italien Renato Rascel Romantica 5
10. Schweden Siw Malmkvist Alla andra får varann 4
10. Dänemark Katy Bødtger Det var en yndig tid 4
12. Holland Rudi Carrell Wat een geluk 2
13. Lëtzebuerg Camillo Felgen Sou laang wéi s du do bass 1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Cannes (Frankräich) Cannes (Frankräich)
ESC 1959 Eurovision Song Contest ESC 1961