Eurovision Song Contest 1968
| 13. Eurovision Song Contest | |
|---|---|
| Datum | 6. Abrëll 1968 |
| Stad | London (Groussbritannien) |
| Gebai | Royal Albert Hall |
| Gewënner | Massiel (Spuenien) |
| Zuel vu Länner | 17 |
| Nei Partizipatiounen | Keng |
| Moderatioun | Katie Boyle |
| Interval Act | London-Impressionen a Bild an Ton |
| Ofstëmmungsregelung | A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt. |
Den 13. Eurovision Song Contest (offiziell den Eurovision Song Contest) war de 6. Abrëll 1968 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Royal Albert Hall zu London. Presantatrice war d'Katie Boyle.
D'Zuel vun de Länner ass bei 17 bliwwen.
Et war dat éischt Joer datt d'Sendung vu 7 Länner a Faarf iwwerdroe gouf obwuel nach net vill Leit d'Méiglechkeet hate fir se faarweg ze gesinn.
Eng Sängerin war scho virdrun eng Kéier dobäi, d'Isabelle Aubret fir Frankräich 1962, déi deemools gewonnen hat.
D'Regel fir d'Ofstëmmung war d'selwecht wéi dat Joer virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jiddereen eng Stëmm ze verginn haten. D'Jury konnt esou am ganze maximal 10 Punkte verginn fir dat beschte Lidd. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op London iwwermëttelt.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Spuenien, d'Massiel mat nëmmen 1 Punkt Virsprong virum Cliff Richard (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Isabelle Aubret, déi fir Frankräich ugetruede war. Et war déi éischt Kéier datt Spuenie gewonn hat. Bei der Widerhuelung um Enn vun der Sendung huet si d'Lidd an enger zweesproocheger Versioun gesong (spuenesch an englesch).
Dat spuenescht Lidd sollt ursprenglech eigentlech vum Joan Manuel Serrat gesonge ginn. Well deen awer drop insistéiert huet fir et op katalanesch ze sangen, ass en duerch d'Massiel ersaat ginn. De Franco-Regime hat a Spuenien déi Zäit aner Sproochen ausser Spuenesch verbueden.
Plazéierungen [änneren]
| Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Spuenien | Massiel | La, la, la | 29 |
| 2. | Groussbritannien | Cliff Richard | Congratulations | 28 |
| 3. | Frankräich | Isabelle Aubret | La source | 20 |
| 4. | Irland | Pat McGeegan | Chance of a Lifetime | 18 |
| 5. | Schweden | Claes-Göran Hederström | Det börjar verka kärlek, banne mej | 15 |
| 6. | Däitschland | Wencke Myhre | Ein Hoch der Liebe | 11 |
| 7. | Belsch | Claude Lombard | Quand tu reviendras | 8 |
| 7. | Monaco | Line & Willy | À chacun sa chanson | 8 |
| 7. | Jugoslawien | Luci & Hamo | Jedan dan | 8 |
| 10. | Italien | Sergio Endrigo | Marianne | 7 |
| 11. | Portugal | Carlos Mendes | Verão | 5 |
| 11. | Lëtzebuerg | Chris Baldo & Sophie Garel | Nous vivrons d'amour | 5 |
| 13. | Éisträich | Karel Gott | Tausend Fenster | 2 |
| 13. | Schwäiz | Gianni Mascolo | Ringe-dinge-ding | 2 |
| 13. | Norwegen | Odd Børre | Stress | 2 |
| 16. | Holland | Ronnie Tober | Morgen | 1 |
| 16. | Finnland | Kristina Hautala | Kun kello käy | 1 |
Um Spaweck [änneren]
| Wien (Éisträich) | Madrid (Spuenien) | |
|---|---|---|
| ESC 1967 | Eurovision Song Contest | ESC 1969 |