Eurovision Song Contest 1970
| 15. Eurovision Song Contest | |
|---|---|
| Datum | 21. Mäerz 1970 |
| Stad | Amsterdam (Holland) |
| Gebai | RAI Congrescentrum |
| Gewënner | Dana, (Irland) |
| Zuel vu Länner | 12 |
| Nei Participatiounen | Keng |
| Moderatioun | Willy Dobbe |
| Interval Act | Don de Lurio Dancers |
| Ofstëmmungsreegelung | A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt. |
De 15. Eurovision Song Contest (ofiziell den Eurovisie Songfestival) war den 21. Mäerz 1970 an Holland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am RAI Congrescentrum zu Amsterdam. Presantateur war de Willy Dobbe. Well et dat Joer virdrun 4 Gewënner gouf ass duerch d'Lous gewielt ginn wou deen nächste Grand Prix sollt ausgedroe ginn.
D'Zuel vun de Länner ass op 12 erofgaangen, well Finnland, Norwegen, Portugal, Schweden an Éisträich net matgemaach hunn. Si waren onzefridden mat der Ofstëmmung am Joer virdrun wou et 4 Gewënner gi sinn.
D'Regel fir d'Ofstëmmung war d'selwecht wéi dat Joer virdrun. An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jiddereen eng Stëmm ze verginn haten. D'Jury konnt esou am ganze maximal 10 Punkte verginn fir dat beschte Lidd. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Amsterdam iwwermëttelt. Et ass awer zousätzlech eng nei Regel ageféiert ginn, fir ze vermeiden dat et nach eng Kéier méi wéi ee Gewënner sollt ginn. An zwar sollt an deem Fall, wou et op der éischter Plaz e Gläichstand giff ginn, eng zweet Ofstëmmung gemaach ginn vun alle Länner ausser deenen, déi vum Gläichstand betraff sinn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Irland, d'Dana mat 6 Punkte Virsprong virum Mary Hopkin (Groussbritannien). Di drëtt Plaz krut d'Katja Ebstein, déi fir Däitschland ugetruede war.
Fir Irland war et déi éischte Kéier dat et de Grand Prix gewonn hat. D'Lidd ass e groussen Erfolleg ginn.
Plazéierungen [änneren]
| Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Irland | Dana | All Kinds of Everything | 32 |
| 2. | Groussbritannien | Mary Hopkin | Knock, Knock, Who’s There? | 26 |
| 3. | Däitschland | Katja Ebstein | Wunder gibt es immer wieder | 12 |
| 4. | Schwäiz | Henri Dès | Retour | 8 |
| 4. | Frankräich | Guy Bonnet | Marie-Blanche | 8 |
| 4. | Spuenien | Julio Iglesias | Gwendolyne | 8 |
| 7. | Holland | Hearts of Soul | Waterman | 7 |
| 8. | Italien | Gianni Morandi | Occhi di ragazza | 5 |
| 8. | Belsch | Jean Vallée | Viens l’oublier | 5 |
| 8. | Monaco | Dominique Dussault | Marlène | 5 |
| 11. | Jugoslawien | Eva Sršen | Pridi, dala ti bom cvet | 4 |
| 12. | Lëtzebuerg | David Alexandre Winter | Je suis tombé du ciel | 0 |
Um Spaweck [änneren]
| London (Groussbritannien) | Amsterdam (Holland) | |
|---|---|---|
| ESC 1969 | Eurovision Song Contest | ESC 1971 |