Eurovision Song Contest 1973
| 18. Eurovision Song Contest | |
|---|---|
| Datum | 7. Abrëll 1973 |
| Stad | Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) |
| Gebai | Neien Theater Stad Lëtzebuerg |
| Gewënner | Anne-Marie David (Lëtzebuerg) |
| Zuel vu Länner | 17 |
| Nei Participatiounen | Israel |
| Moderatioun | Helga Guitton |
| Interval Act | Charlie Rivel |
| Ofstëmmungsregelung | An der Jury vun all Land waren zwee Leit, den een ënner, den aneren iwwer 25 Joer. D'Jurore konnten all Land mindestens 1 Punkt, höchstens 5 Punkte ginn. |
Den 18. Eurovision Song Contest (mat offiziellen Numm Concours Eurovision de la Chanson) war de 17. Abrëll 1973 zu Lëtzebuerg. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Neien Theater zu Lëtzebuerg. Presantatrice war d'Helga Guitton.
Obwuel Israel als neit Land dobäi komm ass, waren nëmme 17 Länner am Grand Prix, well Malta an Éisträich net matgemaach hunn. Israel war dat éischt net-europäescht Land dat matgemaach huet. D'Secherheetsmoossnaamen hunn dowéinst staark missten erhéicht ginn.
Verschidde Sänger ware scho virdrun mol eng Kéier dobäi, d'Marion Rung fir Finnland 1962, de Massimo Ranieri fir Italien 1971 an de Cliff Richard fir Groussbritannien 1968.
D'Regel datt nëmmen an der Landessprooch gesongen däerf ginn, ass opgehuewe ginn. Et hunn awer just déi skandinavesch Länner dovu Gebrauch gemaach. Dës Regel war awer nëmme bis 1976 gëlteg. Am Joer 1999 ass fir d'zweet agefouert ginn.
D'Regel fir d'Ofstëmmung war déiselwecht wéi dat Joer virdrun: An der Jury vun all Land waren zwee Leit, den een ënner, den aneren iwwer 25 Joer. D'Jurore konnten all Land mindestens 1 Punkt, héchstens 5 Punkte ginn. D'Jury konnt esou am ganze maximal 10 Punkte verginn fir dat beschte Lidd, wat an dësem Joer awer net all Land gemaach huet. D'Jurye waren op der Plaz derbäi an hunn d'Resultater zum Schluss op der Bühn bekannt ginn.
D'Lidd vu Spuenien ass vu Kritiker accuséiert ginn e Plagiat vum jugoslaweschen Titel vun 1966 ze sinn. Et ass awer net sanktionéiert ginn a gouf och e groussen Erfolleg.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Lëtzebuerg, d'Anne-Marie David mat 4 Punkte Virsprong virum Grupp Mocedades (Spuenien). Déi drëtt Plaz krut de Cliff Richard, dee fir Groussbritannien ugetruede war.
Fir Lëtzebuerg war et schonn déi véiert Kéier datt et de Grand Prix gewonn hat.
Plazéierungen [änneren]
| Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Lëtzebuerg | Anne-Marie David | Tu te reconnaîtras | 129 |
| 2. | Spuenien | Mocedades | Eres tú | 125 |
| 3. | Groussbritannien | Cliff Richard | Power to All Our Friends | 123 |
| 4. | Israel | Ilanit | Ey-sham | 97 |
| 5. | Schweden | Nova | You’re Summer – You Never Tell Me No | 94 |
| 6. | Finnland | Marion Rung | Tom Tom Tom | 93 |
| 7. | Norwegen | Bendik Singers | It’s Just a Game | 89 |
| 8. | Däitschland | Gitte | Junger Tag | 85 |
| 8. | Monaco | Marie | Un train qui part | 85 |
| 10. | Portugal | Fernando Tordo | Tourada | 80 |
| 10. | Irland | Maxi | Do I Dream | 80 |
| 12. | Schwäiz | Patrick Juvet | 'Je vais me marier, Marie | 79 |
| 13. | Italien | Massimo Ranieri | Chi sarà con te | 74 |
| 14. | Holland | Ben Cramer | De oude muzikant | 69 |
| 15. | Jugoslawien | Zdravko Čolić | Gori vatra | 65 |
| 15. | Frankräich | Martine Clémenceau | Sans toi | 65 |
| 17. | Belsch | Nicole & Hugo | Baby Baby | 58 |
Um Spaweck [änneren]
| Edinburgh (Groussbritannien) | Brighton (Groussbritannien) | |
|---|---|---|
| ESC 1972 | Eurovision Song Contest | ESC 1974 |