Eurovision Song Contest 1981
| 26. Eurovision Song Contest | |
|---|---|
| Datum | 4. Abrëll 1981 |
| Stad | Dublin (Irland) |
| Gebai | Simmonscourt Pavilion an der Royal Dublin Society |
| Gewënner | Bucks Fizz (Groussbritannien) |
| Zuel vu Länner | 20 |
| Nei Partizipatiounen | Zypern |
| Moderatioun | Doireann Ní Bhríain |
| Interval Act | Planxty mat "Timedance" |
| Ofstëmmungsregelung | An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
De 26. Eurovision Song Contest war de 4. Abrëll 1981 an Irland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Simmonscourt Pavilion an der Royal Dublin Society zu Dublin. Presantatrice war d'Doireann Ní Bhríain.
Zypern ass nei dobäi komm, am Ganzen hunn 20 Länner matgemaach. Malta, Monaco an Italien waren net dobäi.
Verschidde Sänger ware scho virdrun mol eng Kéier dobäi, de Marty Brem fir Éisträich (Deel vu Blue Danube 1980, den Tommy Seebach fir Dänemark 1979, de Jean-Claude Pascal fir Lëtzebuerg 1961, de Björn Skifs fir Schweden 1978, d'Grupp Peter, Sue and Marc fir d'Schwäiz 1971, 1976 an 1979, d'Maxi (Deel vum Grupp Sheeba) fir Irland 1973 an d'Cheryl Baker (Deel vum Grupp Bucks Fizz) fir Groussbritannien 1978 (Deel vum Grupp Co-Co).
D'Regel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwen wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Dublin matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Groussbritannien, d'Grupp Bucks Fizz, mat 4 Punkte Virsprong virum Lena Valaitis (Däitschland). Déi drëtt Plaz krut de Jean Gabilou, dee fir Frankräich ugetruede war.
Fir Groussbritannien war et déi véierte Kéier datt et de Grand Prix gewonn hat. D'Gewënnergrupp Bucks Fizz war extra fir d'Eurovisioun gegrënnt ginn. Hir Lidd ass e groussen Erfolleg ginn a se hunn och duerno nach weidergemaach an aner Lidder opgeholl.
Plazéierungen [änneren]
| Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Groussbritannien | Bucks Fizz | Making Your Mind Up | 136 |
| 2. | Däitschland | Lena Valaitis | Johnny Blue | 132 |
| 3. | Frankräich | Jean Gabilou | Humanahum | 125 |
| 4. | Schwäiz | Peter, Sue & Marc | Io senza te | 121 |
| 5. | Irland | Sheeba | Horoscopes | 105 |
| 6. | Zypern | Island | Monica | 69 |
| 7. | Israel | Hakol Over Habibi | Halajla | 56 |
| 8. | Griicheland | Giannis Dimitras | Feggari kalokerino | 55 |
| 9. | Holland | Linda Williams | Het is een wonder | 51 |
| 10. | Schweden | Björn Skifs | Fångad i en dröm | 50 |
| 11. | Lëtzebuerg | Jean-Claude Pascal | C'est peut-être pas l'Amérique | 41 |
| 11. | Dänemark | Debbie Cameron an Tommy Seebach | Krøller eller ej | 41 |
| 13. | Belsch | Emly Starr | Samson | 40 |
| 14. | Spuenien | Bacchelli | Y sólo tú | 38 |
| 15. | Jugoslawien | Seid Memić | Lajla | 35 |
| 16. | Finnland | Riki Sorsa | Reggae ok | 27 |
| 17. | Éisträich | Marty Brem | Wenn du da bist | 20 |
| 18. | Tierkei | Modern Folk Trio an Ayşegül | Dönme dolap | 9 |
| 18. | Portugal | Carlos Paião | Playback | 9 |
| 20. | Norwegen | Finn Kalvik | Aldri i livet | 0 |
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Eurovision Song Contest 1981 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Den Haag (Holland) | Harrogate (Groussbritannien) | |
|---|---|---|
| ESC 1980 | Eurovision Song Contest | ESC 1982 |