Eurovision Song Contest 1992

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
37. Eurovision Song Contest
Datum 9. Mee 1992
Stad Malmö (Schweden)
Gebai Malmö Isstadion
Gewënner Linda Martin (Irland)
Zuel vu Länner 23
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Lydia Cappolicchio an Harald Treutiger
Interval Act Trelleborger Danzorchester
Ofstëmmungsregelung An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
Äisstadion zu Malmö, 2006

De 37. Eurovision Song Contest war den 9. Mee 1992 a Schweden. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Malmö Isstadion zu Malmö. Presentateure waren d'Lydia Cappolicchio an den Harald Treutiger.

Am Ganzen hunn 23 Länner matgemaach, wat bis dohin déi gréisst Zuel vu Länner war déi matgemaach haten. Monaco war net dobäi. Et war dat lescht Joer dat Jugoslawien ënner deem Numm matgemaach huet.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Mia Martini fir Italien 1977, d'Linda Martin fir Irland 1984, d'Grupp Wind fir Däitschland 1985 an 1987, de Sigga (Deel vun Heart 2 Heart) fir Island 1990 (Deel vu Stjórnin) an d'Grétar Örvarsson (Deel vun Heart 2 Heart) fir Island 1990 (Deel vu Stjórnin).

D'Regel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Malmö matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Irland, d'Linda Martin mat 16 Punkte Virsprong virum Michael Ball (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Mary Spiteri, déi fir Malta ugetruede war.

Fir Irland war et déi véiert Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Irland Linda Martin Why Me? 155
2. Groussbritannien Michael Ball One Step out of Time 139
3. Malta Mary Spiteri Little Child 123
4. Italien Mia Martini Rapsodia 111
5. Griicheland Cleopatra Olou tou kosmou i elpida 94
6. Israel Dafna DekelDafna Ze rak sport 85
7. Island Heart 2 Heart Nei eða já 80
8. Frankräich Kali Monté la riviè 73
9. Holland Humphrey Campbell Wijs me de weg 67
10. Éisträich Tony Wegas Zusammen geh’n 63
11. Zypern Evridiki Teriazoume 57
12. Dänemark Lotte Nilsson a Kenny Lübcke Alt det som ingen ser 47
13. Jugoslawien Extra Nena Ljubim te pesmama 44
14. Spuenien Serafin Zubiri Todo esto es la música 37
15. Schwäiz Daisy Auvray Mister Music Man 32
16. Däitschland Wind Träume sind für alle da 27
17. Portugal Dina Amor d'água fresca 26
18. Norwegen Merethe Trøan Visjoner 23
19. Tierkei Aylin Vatankoş Yaz bitti 17
20. Belsch Morgane Nous, on veut des violons 11
21. Lëtzebuerg Marion Welter a Kontinent Sou fräi 10
22. Schweden Christer Björkman I morgon är en annan dag 9
23. Finnland Pave Yamma-Yamma 4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eurovision Song Contest 1992 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Roum (Italien) Esc-wäiss1.png Millstreet (Irland)
ESC 1991 Eurovision Song Contest ESC 1993