Eurovision Song Contest 1994

Vu Wikipedia
39. Eurovision Song Contest
Datum 30. Abrëll 1994
Stad Dublin (Irland)
Gebai Point Theatre
Gewënner Paul Harrington a Charlie McGettigan (Irland)
Zuel vu Länner 25
Nei Participatiounen Estland, Litauen, Polen, Rumänien, Russland, Slowakei, Ungarn
Moderatioun Cynthia Ní Mhurchú a Gerry Ryan
Interval Act Riverdance
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.

Den 39. Eurovision Song Contest war den 30. Abrëll 1994 an Irland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Point Theatre zu Dublin. Presentateure waren d'Cynthia Ní Mhurchú an de Gerry Ryan.

Nei derbäikomm sinn Estland, Litauen, Polen, Rumänien, Russland, d'Slowakei an Ungarn. Am Ganzen hu 25 Länner matgemaach.

D'Belsch, Dänemark, Israel, Slowenien, Lëtzebuerg an d'Tierkei hu misse wéinst hirem Klassement am Joer virdrun eng Zwangspaus vun engem Joer maachen. Italien huet fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier derbäi, d'Grupp Evridiki fir Zypern 1992, d'Sigga fir Island 1990 (Deel vu Stjórnin) a 1992 (Deel vun Heart 2 Heart), d'Elisabeth Andreassen fir Norwegen 1982 (Deel vu Chips, fir Schweden) an 1985 (Deel vu Bobbysocks) an d'Marie Bergman fir Schweden 1971 an 1972 (Deel vu Family Four).

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Dublin matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vun Irland, de Paul Harrington an de Charlie McGettigan mat 60 Punkte Virsprong virum Edyta Górniak (Polen). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp MeKaDo, déi fir d'Däitschland ugetruede war.

Fir Irland war et déi sechst Kéier an déi drëtt Kéier hannereneen datt et de Grand Prix gewonnen hat. Kommerziell war allerdéngs keent vun de presentéierte Lidder am erfollegräichsten, mä den Optrëtt vu Riverdance an der Paus.

Nëmmen déi éischt 18 Länner hunn dat Joer drop däerfte matmaachen, déi aner sollten 1 Joer Paus maachen.

Plaz[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Irland Paul Harrington a Charlie McGettigan Rock 'n' roll kids 226
2. Polen Edyta Górniak To nie ja! 166
3. Däitschland MeKaDo Wir geben 'ne Party 128
4. Ungarn Friderika Bayer Kinek mondjam el vétkeimet? 122
5. Malta Chris & Moira More than love 97
6. Norwegen Elisabeth Andreassen a Jan Werner Danielsen Duett 76
7. Frankräich Nina Morato Je suis un vrai garçon 74
8. Portugal Sara Tavares Chamar a música 73
9. Russland Youddiph Vječnij stranjik 70
10. Groussbritannien Frances Ruffelle We will be free (Lonely symphony) 63
11. Zypern Evridiki Eimai anthropos ki ego 51
12. Island Sigga Nætur 49
13. Schweden Marie Bergman a Roger Pontare Stjärnorna 48
14. Griicheland Kostas Bigalis & the Sea Lovers To trehandiri (diri diri) 44
15. Bosnien an Herzegowina Alma an Dejan Ostani kraj mene 39
16. Kroatien Toni Cetinski Nek’ ti bude ljubav sva 29
17. Éisträich Petra Frey Für den Frieden der Welt 19
18. Spuenien Alejandro Abad Ella no es ella 17
19. Schwäiz Duilio Sto pregando 15
19. Slowakei Tublatanka Nekonečná pieseň 15
21. Rumänien Dan Bittman Dincolo de nori 14
22. Finnland CatCat Bye Bye Baby 11
23. Holland Willeke Alberti Waar is de zon? 4
24. Estland Silvi Vrait Nagu merelaine 2
25. Litauen Ovidijus Vyšniauskas Lopšinė mylimai 0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eurovision Song Contest 1994 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Millstreet (Irland) Dublin (Irland)
ESC 1993 Eurovision Song Contest ESC 1995