Eurovision Song Contest 2012

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eurovision Song Contest 2012 logo.svg
57. Eurovision Song Contest
Motto Light your Fire!
Datum 22., 24. a 26. Mee 2012
Stad Baku (Aserbaidschan)
Gebai Baku Crystal Hall
Gewënner Loreen (Schweden)
Zuel vu Länner 42
Moderatioun Eldar Qasımov, Leyla Aliyeva an Nargiz Berk-Petersen
Interval Act Finall: Emin Ağalarov
Ofstëmmungsregelung All Land verdeelt, baséirend op jee 50 % Jury- an Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder.
D'Gewënnerin Loreen
Baku Crystal Hall mat der Eurovisiounsbühn

De 57. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen den 22. a 24. Mee, a seng Finall de 26. Mee 2012 an der Crystal Hall an der aserescher Haaptstad Baku. Presentateure waren den Eldar Qasımov, d'Leyla Aliyeva an d'Nargiz Berk-Petersen.

Lëtzebuerg huet scho wéi déi 18 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Andorra, Polen, Tschechien, Armenien a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 42 Länner matgemaach.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Kaliopi fir Mazedonien 1996 (Qualifikatiounsronn), de Jónsi fir Island 2004, de Željko Joksimović fir Serbien 2004 (Serbien-Montenegro) an den Duo Jedward fir Irland 2011.

Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem Joer Aserbaidschan.

Déi gemëschten Ofstëmmung mat 50 % duerch den Televoting vun de Spectateure vun alle Länner a 50 % duerch eng national Jury ass weiderhi souwuel fir d'Halleffinalle wéi och fir d'Finall benotzt ginn. An den Halleffinalle sinn déi 10 bescht Länner an d'Finall weiderkomm. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Baku matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Schweden, d'Loreen mam Lidd Euphoria mat 113 Punkte Virsprong virum Grupp Buranowskije Babuschki (Russland). Euphoria krut mat 372 Punkten déi zweethéchste Punktzuel an der Geschicht vum ESC, no den 387 fir dem Alexander Rybak säi Lidd Fairytale am Joer 2009. Déi drëtt Plaz krut de Željko Joksimović, dee fir Serbien ugetruede war.

Fir Schweden war et déi fënneft Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Halleffinallen[änneren | Quelltext änneren]

1. Halleffinall[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Halleffinall war den 22. Mee 2012.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Italien, Aserbaidschan a Spuenien.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
01 Montenegro Rambo Amadeus Euro Neuro 15. 20
02 Island Greta Salóme & Jónsi Never Forget 08. 75
03 Griicheland Eleftheria Eleftheriou Aphrodisiac 04. 116
04 Lettland Anmary Beautiful Song 16. 17
05 Albanien Rona Nishliu Suus 02. 146
06 Rumänien Mandinga Zaleilah 03. 120
07 Schwäiz Sinplus Unbreakable 11. 45
08 Belsch Iris Would You 17. 16
09 Finnland Pernilla När Jag Blundar 12. 41
10 Israel Izabo Time 13. 33
11 San Marino Valentina Monetta The Social Network Song 14. 31
12 Zypern Ivi Adamou La La Love 07. 91
13 Dänemark Soluna Sama Should've Known Better 09. 63
14 Russland Buranovskiye Babushki Party For Everybody 01. 152
15 Ungarn Compact Disco Sound Of Our Hearts 10. 52
16 Éisträich Trackshitta Woki Mit Deim Popo 18. 8
17 Moldawien Pasha Parfeny Lăutar 05. 100
18 Irland Jedward Waterline 06. 92

2. Halleffinall[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Halleffinall war de 24. Mee 2012.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Frankräich, Däitschland a Groussbritannien.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
01 Serbien Željko Joksimović Nije Ljubav Stvar 02. 159
02 Mazedonien Kaliopi Crno I Belo 09. 53
03 Holland Joan Franka You And Me 15. 35
04 Malta Kurt Calleja This Is The Night 07. 70
05 Wäissrussland Litesound We Are The Heroes 16. 35
06 Portugal Filipa Sousa Vida Minha 13. 39
07 Ukraine Gaitana Be My Guest 08. 64
08 Bulgarien Sofi Marinova Love Unlimited 11. 45
09 Slowenien Eva Boto Verjamem 17. 31
10 Kroatien Nina Badrić Nebo 12. 42
11 Schweden Loreen Euphoria 01. 181
12 Georgien Anri Jokhadze I'm A Joker 14. 36
13 Tierkei Can Bonomo Love Me Back 05. 80
14 Estland Ott Lepland Kuula 04. 100
15 Slowakei Max Jason Mai Don't Close Your Eyes 18. 22
16 Norwegen Tooji Stay 10. 45
17 Bosnien an Herzegowina Maya Sar Korake Ti Znam 06. 77
18 Litauen Donny Montell Love Is Blind 03. 104

Finall[änneren | Quelltext änneren]

D'Finall war de 26. Mee 2012.

Déi 26 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Grousbritannien
  • D'Gaaschtland, Aserbaidschan
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall

Am Fall vu Punktegläichheet sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen.

Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 42 Länner déi matgemaach haten.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Punkten
01. 17 Schweden Loreen Euphoria 372
02. 06 Russland Buranowskije Babuschki Party for Everybody 259
03. 24 Serbien Željko Joksimović Nije ljubav stvar 214
04. 13 Aserbaidschan Sabina Babayeva When the Music Dies 150
05. 03 Albanien Rona Nishliu Suus 146
06. 11 Estland Ott Lepland Kuula 120
07. 18 Tierkei Can Bonomo Love Me Back 112
08. 20 Däitschland Roman Lob Standing Still 110
09. 10 Italien Nina Zilli L'amore è femmina (Out of Love) 101
10. 19 Spuenien Pastora Soler Quédate conmigo (Stay with Me) 97
11. 26 Moldawien Pasha Parfeny Lăutar 81
12. 14 Rumänien Mandinga Zaleilah 71
13. 22 Mazedonien Kaliopi Crno i belo 71
14. 04 Litauen Donny Montell Love Is Blind 70
15. 25 Ukrain Gaitana Be My Guest 65
16. 08 Zypern Ivi Adamou La La Love 65
17. 16 Griicheland Eleftheria Eleftheriou Aphrodisiac 64
18. 05 Bosnien an Herzegowina Maya Sar Korake ti znam 55
19. 23 Irland Jedward Waterline 46
20. 07 Island Gréta Salóme & Jónsi Never Forget 46
21. 21 Malta Kurt Calleja This Is the Night 41
22. 09 Frankräich Anggun Echo (You and I) 21
23. 15 Dänemark Soluna Samay Should've Known Better 21
24. 02 Ungarn Compact Disco Sound of Our Hearts 19
25. 01 Groussbritannien Engelbert Love Will Set You Free 12
26. 12 Norwegen Tooji Stay 7

Weideres[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi 86-järeg (Eurovision.tv schwëtzt awer just vu 77 Joer) Jelisaweta Sarbatova aus der russescher Grupp Buranowskije Babuschki ass déi bis ewell eelste fir en Eurovision Song Contest nominéiert Persoun. Virdru war dëst de kroateschen Rapper 75 Cents, deen am Joer 2008 als 75-Järegen opgetratt ass. D'Sarbatova ass 70 (61) Joer méi al wéi déi jéngst Participantin vun dësem Joer, déi 16-järeg Eva Boto aus Slowenien.
  • D'"Bomen aus Buranowo" presentéieren deen éischten Eurovision-Song-Contest-Bäitrag op Udmurtesch. Och Georgesch an Aserbaidschanesch héiert ee fir d'alleréischte Kéier op enger ESC-Bühn (och wann Aserbaidschanesch just an engem eenzege Saz am bulgaresche Bäitrag Love Unlimited virkënnt).
  • Nodeem datt den aseresche President Ilcham Alijew Enn Februar 2012 d'Armenier als "Feinde" bezeechent huet (tëscht deenen zwee Länner gëtt et e brécklege Waffestëllstand wéinst dem Sträit ëm d'Regioun Biergkarabach), huet den armenesche Sender de 7. Mäerz 2012 matgedeelt, datt Armenien dëst Joer seng Participatioun um Eurovision Song Contest zréckzitt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eurovision Song Contest 2012 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Düsseldorf (Däitschland) Esc-wäiss1.png Schweden (Malmö)
ESC 2011 Eurovision Song Contest ESC 2013