Eusebio Guilarte Vera

Vu Wikipedia
Eusebio Guilarte Vera
Gebuer 15. Oktober 1805
La Paz
Gestuerwen 11. Juni 1849
Nationalitéit Bolivien
Aktivitéit Diplomat, Politiker

Eusebio Guilarte Vera, gebuer de 15. Oktober 1805 zu La Paz a gestuerwen den 11. Juni 1849 zu Cobija, war deen 12. President vu Bolivien.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet fir d'éischt Carrière beim Militär gemaach. Als Adjutant vum José Ballivián war hie bei der Victoire iwwer de peruanesche Generol Agustín Gamarra bei der Schluecht vun Ingavi dobäi. Als Belounung fir säi Wierke bei der Verhënnerung vun enger Invasioun vu Bolivien gouf e vum deemolege President zum Botschafter vu sengem Land a Brasilien ernannt. Nodeem en nees zeréckkoum huet e versicht zesumme mam President en Ëmstuerz ze verhënneren. Dat huet awer net geklapptt wéinst der Verweigerung vum Militär, dat de Manuel Isidoro Belzu ënnerstëtzt huet. De President Ballivián ass an de Peru geflücht an huet dem Eusebio Guilarte Vera d'Presidentenamt iwwerdroen. Deen huet versicht sech mat de Rebellen ze verstännegen, hie gouf awer no nëmmen 2 Wochen ofgesat. Hie war deemno vum 23. Dezember 1847 bis zum 2. Januar 1848 formell President vu Bolivien[1]. Hien ass 2 Joer drop un de Follge vun enger Kränkt verscheet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eusebio Guilarte Vera, President 1847/1848