Eustache de Wiltheim

Vu Wikipedia
Eustache de Wiltheim
Gebuer 1600
Gestuerwen 22. Januar 1667
Aktivitéit Historiker
Famill
Papp Jean de Wiltheim
Geschwëster Alexandre Wiltheim, Jean Guillaume Wiltheim

Den Eustache de Wiltheim, gebuer 1600 a gestuerwen den 22. Januar 1667, war e Beamten zu Lëtzebuerg, President vum Conseil provincial an Historiker.

Hien huet zu Douai studéiert an do en Doktorat gemaach. Duerno huet hie sengem Papp, dem Jean de Wiltheim, dee Greffier beim Provënzialrot war, gehollef an huet sech do am Ufank ëm d'Archiver gekëmmert. Spéider gouf en da selwer Member a méi spéit President dovun.[1]

Den Eustache de Wiltheim huet e Manuskript vu 540 Säiten hannerlooss mam Titel Kurzer und schlechter bericht und beschreibung des hauses, schloss und landts Lutzemburg samt Seinen Fürsten und herren ursprung und herkommens, was sich auch bei dere regierung in gemelten und anderen ihrer landschaften verlaufen und zugedragen, an deem en d'Geschicht vu Lëtzebuerg vum 10. Joerhonnert bis zu senger Zäit beschriwwen huet.[1]

D'Rue Wiltheim an der Stad Lëtzebuerg erënnert un hien, sou wéi och u seng Bridder Alexandre a Guillaume.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Evy Friedrich: Kalennerblieder 2, Lëtzebuerg: Kremer-Muller 1980, S. 29.