Eva Perón

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Eva Perón (1947).

D'María Eva ("Evita") Duarte de Perón, gebuer de 7. Mee 1919 zu Los Toldos an der Pampa, a gestuerwen de 26. Juli 1952, war eng argentinesch Schauspillerin, Aktivistin a Gewerkschaftlerin, a war, als zweet Fra vum President Juan Perón (1895–1974), vun 1946 bis zu hirem Doud, 1952, First Lady vun Argentinien.

No hirer Kandheet um Land ass si 1934, mat 15 Joer, an d'Haaptstad Buenos Aires geplënnert, fir do Theater-, Radio- a Filmschauspillerin ze ginn. 1944 huet si de Kolonell Juan Perón kennegeléiert an dat Joer drop bestuet. De Juan Perón gouf 1946 zum President vun Argentinien gewielt, an d'Eva Perón huet sech an der Confederación general de trabajo (CGT), enger pro-Peronistescher Gewerkschaft, engagéiert, a sech fir d'Aarbechterrechter agesat. Si war och Ministesch fir Aarbecht a Gesondheet, an huet d'Fundación Eva Perón gegrënnt, eng karitativ Hëllefsorganisatioun, vun där se och Presidentin war. Ausserdeem huet si sech fir d'Fraewalrecht an Argentinien engagéiert, an huet déi éischt Fraepartei an hirem Land gegrënnt a geleet.

1951 huet si kandidéiert fir de peronistesche Kandidat fir d'Vizepresidente-Walen ze ginn, ma déi staark Oppositioun souwuel vu Militär wéi vun der Bourgeoisie, an och hiren ëmmer méi schlechte Gesondheetszoustand hunn dee Projet zum Echec bruecht. No hirem Doud, mat just 33 Joer, als Folleg vun engem Kriibs, krut si postum den Éierentitel Jefe Espiritual de la Nacion ("Spirituelle Leader vun der Natioun") a gouf an engem Staatsbegriefnes bäigesat.

Schonn als First Lady hat si iwwer d'Grenze vun hirem Land eng gewëss Notoritéit, mä et war besonnesch de Musical Evita aus dem Joer 1976, sou wéi och de Film mam nämlechten Titel, déi se baussent Latäinamerika, wou s'eng Ikon war, bekannt gemaach hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eva Perón – Biller, Videoen oder Audiodateien