Evangelistar

Vu Wikipedia

En Evangelistar ass e liturgëscht Buch, an deem déi Textabschnitter aus den Evangelien (Evangelienperikopen) stinn, sou wéi se am Laf vum Kierchejoer am Gottesdéngscht virgelies ginn. Den Ënnerscheed zu engem Evangeliar besteet doran, datt am Evangeliar de kompletten Text vun de véier Evangelie steet.

E kompletten Lektionar besteet aus engem Evangelistar an engem Epistolar, eng Sammlung mat allen anere biblesche Liestexter.

Den Iechternacher Evangelistar, eng mëttelalterlech Handschrëft, déi géint 1030 am Skriptorium vun der Iechternacher Abtei gemaach gouf, ass dee bedeitendste Lëtzebuerger Evangelistar. En ass net ze verwiesselen mat dem Gëllenen Evangeliar.