Explorer-Programm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Explorer 6
ISEE-C (Explorer 59) an enger Testkummer
TRACE (Explorer 73) déngt der Erfuerschung vun der Sonnekorona

Den Explorer ass den éischten an zougläich ëmfangräichste Satellitten- a Raumsondeprogramm vun de Vereenegte Staaten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1957 hat d'Sowjetunioun mam Sputnik 1 d'Course ëm den éischte kënschtleche Satellit am Weltall fir sech entscheet. Et hat offiziell mat der Ukënnegung vum US-amerikanesche President Dwight D. Eisenhower den 28. Juli 1955, am Kader vum internationale geophysikalesche Joer ugefaangen, fir e kënschtlechen Äerdtrabant an d'Ëmlafbunn ze bréngen. D'Sowjetunioun hat e puer Deeg méi spéit offiziell matgedeelt datselwecht wëlles ze hunn.

D'USA ware mat hirem Vanguard-Projet zum Zäitpunkt vum Sputnik-Start nach net startbereet an hunn et bis Enn 1957 mat engem virgezunnene Start versicht. De Start war eng Katastroph: Déi bis dohin nach net vollstänneg getest Drorakéit war beim Start nach op der Startramp explodéiert, virun den Ae vu Millioune vun Televisiounspektateuren.

D'Explorer-Serie krut domat d'Chance, déi éischt Satellitten an d'Äerdëmlafbunn ze schéissen, a war géintiwwer dem Vanguard-Projet iwweraus erfollegräich. Den 1. Februar 1958 war den Explorer 1 als éischten amerikanesche Satellit erfollegräich an d'Ëmlafbunn gestart. Ënner dem Numm Explorer goufen 91 erfollegräich Missiounen (Stand: 9. Abrëll 2013) op den ënnerschiddlechste Fuerschungsgebidder gemaach, an dat vun der Erfuerschung vun der Ionosphär iwwer d'Radioastronomie bis zu der Atmosphär- an Äerdfuerschung. Déi haaptsächlech vun der Arméi zu Huntsville (Alabama) entwéckelt Satellitten, mat Hëllef vun der Expertegrupp ronderëm de fréieren techneschen Direkter Wernher von Braun, ware soumat déi éischt US-Satellitten am Orbit - an domat e wichtegen éischte Schrëtt a Richtung bemannt Raumfaart.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Jiddwer Explorer-Satellit (zanter Explorer 6) dréit eng Subbezeechnung - jee nodeem zu water engem wëssenschaftleche Projet e gehéiert.

Zanter Ufank vun den 1990er Jore goufen am Explorer-Programm Ënnerprogrammer gestart:

  • SMEX (Small Explorer) fir kleng Fuerschungsmissiounen zanter Ufank vun den 1990er Joren.
  • MIDEX (Middle-Sized Explorer) fir mëttelgrouss Fuerschungssatellitten zanter Enn vun den 1990er Joren.
  • STEDI (Student Explorer Demonstration Initiative) an UNEX (University Explorer) fir kleng, vun Universitéite fir d'NASA duerchgefouert Missiounen.

Eng vollstänneg Oplëschtung vun de bis elo 102 gestarten Explorer-Satellitte steet an der Lëscht vun Explorer-Missiounen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Nasa Facts: Explorers: Searching the Universe Forty Years Later

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Explorer-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien