Extragalaktesch Astronomie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Simulatioun: Rendez-vous a Wiesselwierkung vu Galaxien

D'Extragalaktesch Astronomie („aussergalaktesch“) als Deelgebitt vun der Astronomie beschäftegt sech mat Himmelskierper, déi baussent eiser Galaxis, der Mëllechstrooss, sinn.

Am Ufank vum 20. Joerhonnert – wéi zum Beispill an der Shapley-Curtis-Debatt – war et onsécher, ob et iwwerhaapt observéierbar Objete baussenzeg vun der Mëllechstrooss gëtt. Eréischt an den 1920er-Jore gouf, haaptsächlech duerch d'Entdeckung vun den Cepheiden a Spiralniwwelen vum Edwin Hubble, kloer, datt et Galaxië sinn déi eiser Mëllechstrooss gläichen. Bis zum zweete Weltkrich waren d'Ënnersich vu Galaxien op d'visuellt Liicht reduzéiert. Den technesche Fortschrëtt huet et erméiglecht, datt d'Observatioun vun extragalakteschen Objeten ze realiséiere war, souwéi och weider Beräicher vum elektromagnetesche Spektrum, wéi Radioberäich a spéider och a Röntgenstralung, Gammastralung an am Ultraviolett- an Infraroutberäich. Duerch déi Observatiounsberäicher an Empfindlechkeetsvergréisserung vu modernen Teleskopen an Instrumenter koumen nieft de Stären a Gasniwwele vu Galaxien och nei Phenomener wéi aktiv galaktesch Kären, Gas a Stëbs am interstellare Medium vun de Galaxien an d'kosmesch Hannergrondstralung an den Intressi vun den Astronomen.

Déi normal extragalaktesch Moosseenheet fir Distanzen ass de Megaparsec, ofgekierzt Mpc, deen enger Distanz vun 1 Millioun Parsec oder 3,262 Millioune Liichtjoer entsprécht. Déi noost Galaxien, d'Magellanesch Wolleken, leien op enger Distanz vu ronn 0,05 Mpc, déi wäitst Galaxis, déi bis elo observéiert gouf, ass Dausenden Mpc ewech.

Déi an der Allgemengheet bekanntst extragalaktesch Objete sinn den Andromedaniwwel an e puer aner no Galaxien, souwéi d'Quasaren.

Extragalaktesch Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]